Mount-Wilson-Observatoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Mount-Wilson-Observatoire ass mat engem Alter vun 100 Joer ee vun den eelsten an erfollegräichsten Observatoiren vun der Äerd. Et befënnt sech op dem Mount Wilson an den San Gabriel Mountains an Kalifornien, USA nordëstlech vu Los Angeles. Déi geografesch Koordinaten sinn: Längegrad: 118° 3' 24" West, Breedegrad: 34° 13' 36" Nord.
D’Observatoire gouf am Dezember 1904 vum George Ellery Hale gegrënnt. Am Ufank war et als ee wëssenschaftlecht Konzept vun der Carnegie Institution of Washington geplangt. Den Hale huet d’Snow Solar Telescope vum Yerkes-Observatoire an Süd-Wisconsin an dat sonnegt a wiederkonstant Gebitt vum Mount Wilson bruecht, fir seng Studien un der Sonn weider ze féieren.
Den Hale huet mat enger klenger Grupp vu Yerkes Wëssenschaftler an Ingenieuren déi hi begleet hunn, ugefaangen. An de folgenden Joeren ass d’Observatoire zu engem vun deenen beschten astronomeschen Fuerschungsariichtungen vun der Äerd ginn. Während der éischten Halschent vum 20. Joerhonnert war d’Observatoire hannereneen d’Standplaz mat deenen zwee gréissten Teleskopen vun der Äerd, souwéi zwou vun deenen leeschtungsfähegsten Ariichtungen fir d’Studium vun der Sonn. Duerch déi 1,54-Meter- an 2,54-Meter-Teleskope (och Hooker-Spigel genannt) fir d’Observatioun vum Nuetshimmel, souwéi den 18,3 an 45,7 Meter héigen Sonnentuermteleskopen, geléngen verschidden Entdeckungen a Nowäiser:
- de Nowäis, datt d’Sonn net am Zentrum vun der Mëllechstrooss steet
- d’Distanzenbestëmmung vu Galaxien an domat de Beweis, datt nach vill Galaxien ausser der Mëllechstrooss existéieren
- d’Existenz vum Magnéitfeld vun der Sonn a senger Schlësselroll bei der Sonnenaktivitéit
- d’Bewegungsrichtungen vun de Galaxien, déi op den Urspronk vum Urknall hiweisen
- d’Existenz vu groussen Zuelen vu Stären vu verschiddenen Altersklassen an eiser Galaxis
An dësem Observatoire goufen och d’Stärinterferometrie entwéckelt duerch déi den Albert Abraham Michelson ëm 1920 den Duerchmiesser vu Roude Risen gemooss huet.
Dat 2,54-Meter-Teleskop, wat zënter 1917 op dem Mount Wilson steet, war vun 1985 bis 1992 wéinst engem ze klengen Finanzbudget stëllgeluet.
D’Observatoire kann, ofhängeg vum Wieder, ganzjäereg besicht ginn.
[Änneren] Um Spaweck
- (en) http://www.mtwilson.edu – Website vum Mount Wilson Observatory