Fixstär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Fixstär (vum laténgeschen stellae fixae = »fest stoende Stär«) ass eng Bezeechnung fir déi schäinbar onverréckelbar Stären um Nuetshimmel, déi aus der Antikitéit staamt. Doduerch datt si sech net verréckelen, maache si déi eis bekannte Stärebiller a Konstellatiounen. Den Ënnerscheed zu de Fixstäre maache „Wandelstären“, dat heescht d’Planéiten, déi stänneg hir Positioune veränneren.
Tatsächlech awer hunn d'Fixstären och eng Eegebewegung, wéi den James Bradley 1728 erkannt huet. D’Bezeechnung Fixstären ass dowéinst onprezis, an haut kaum nach gebräichlech, a gouf duerch Stären ersat.
Bei de meeschte Stäre féiert hir tatsächlech Bewegung am Raum opgrond vu groussen Distanzen zu der Äerd nëmmen zu enger ganz klenger Eegebewegung an der geduechter Himmelskugel. Et gëtt awer wéi iwwerall och Ausnamen. De Stär mat der bis elo gréisste bekannten Eegebewegung ass de Feilstär vum Barnard.
E weideren Effekt, dee fir eng schäinbar Bewegung vu Stären um Himmel verantwortlëch ass, ass déi joreszäitlech Bewegung vun der Äerd ëm d’Sonn, bei déier sech d’Positioun vun der Äerd verréckelt (Präzessioun).
Mat bloussem A kënnen um ganzen Himmel ronn 6000 Fixstäre gesi ginn, dovun ongeféier d’Halschecht gläichzäiteg vun enger Plaz vun der Äerd aus. All déi si Stäre vun der Mëllechstrooss a befanne sech op verschiddenen Distanze vun eis. Déi meescht vun haut geschätzten 100 Milliarden Stäre vun der Mëllechstrooss sinn awer, well se ze liichtschwaach sinn , mam bloussen A nët ze gesinn.
Dat Stäresystem, dat am notste bei dem Sonnesystem ass, ass d’Alpha Centauri-System, dat aus dräi (Fix-) Stäre besteet, vun deem de Proxima Centauri am notsten ass.
[Änneren] Kuckt och
- schäinbar Hellegkeet – wéi hell erschéngt en Himmelskierper dem Observateur op der Äerd.