Feilstär vum Barnard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Katalogdaten |
HIP 87937 |
Positioun | RA 17h 57m 48,50s Dekl. +04° 41' 36,2" |
schäinbar Hellegkeet | 9,54m |
absolut Hellegkeet | 13,23M * |
Spektralklass Liichtkraaftklass |
M4 Ve |
Duerchmiesser | 0,20 Sonnenduerchmiesser oder 280 000 km ** |
Ofstand vum Sonnesystem | 5,979 Liichtjoren |
* berechent aus schäinbarer Hellegkeet an Ofstand
** Wénkelduerchmiesser mat PTI gemooss zu 1,026±0,04 Millibousekonnen
De Feilstär vum Barnard (oder dem Barnard säi Stär, och Munich 15040) ass e Stär am Stärebild Ophiuchus (Schlangendréier), deen déi bis elo gréisste bekannten Eegebewegung vun 10,34" pro Joer opweist. D’Ausmooss vu senger Eegebewegung gouf 1916 vum Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt. Bis zu dësem Zäitpunkt huet de Kapteyns Stär als de Stär mat der gréisster Eegebewegung gegollt. Stäre mat groussen Eegebewegunge ginn an der Astronomie als Schnellleefer bezeechent.
Mat enger Distanz vu ronn 6 Liichtjoer ass de Barnard-Feilstär ënnert de bekannte Stären de véiertnotsten. Nëmmen déi dräi Komponente vum α-Centauri-System leie méi no. De Feilstär ass allerdéngs e rouden Zwerg mat dem Spektraltyp M4 an enger schäinbarer Hellegkeet vun 9,61m, sou datt hien trotz deeër noer Distanz ze schwaach liicht, fir ouni Teleskop gesinn ze ginn. E läit no beim Stär 66 Oph.
Am Joer 11.800 kënnt e bis op 3,8 Liichtjoer un eis Sonn erun, fir sech dann erëm ze distanzéieren.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Feilstär vum Barnard – Biller, Videoen oder Audiodateien |