Furi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Furi as den Numm vun engem Platteau uewerhalb vun Zermatt op 1864m
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Infrastruktur
Um Furi sin eng Rei Chaleten an Restauranten. Niewent Awunner kann een hei och als Tourist Chaleten lounen. Verbindung zu Zermatt huet een iwwer eng Strooss, di mat Elektroautoen am Summer ze befueren ass an och duerch 2 Kabinnen.
[Änneren] Bedeitung am Skigebidd vun Zermatt
[Änneren] Furi-Matterhorn Paradise
De Furi as e wichtege Dréi- an Aangelpunkt am Skigebidd vun Zermatt. Vun Zermatt aus errecht een als Skifuerer a Fussgänger de Furi duerch Kabinnen, di am Duerfgebidd vu Schluhmatten fortgin. Zanter 2003 gett et hei eng nei Emlaafkabinn mat Panoramafensteren, den Matterhornepress. Desen huet seng éischt Zweschenstatoun um Furi ier en hei no engem Richtungswiessel iwwer Aroleid op de Schwarzsee geet. Di aal Emlaafkabinn existéiert och nach. Si leeft parallell zum éischten Tronçon vum Matterhornexpress an gett just nach a Stousszäiten genotzt fir d'Waardezäit an der Daulstatioun vum Matterhornexpress ze entlaschten.
Bis firun e puer Joer kount een mat enger Pendelkabinn direkt vum Furi op Furgg fueren. Des Kabin gouf awer afgebaut.
En Haaptgrond fir des Kabin aus dem Betrieb huelen ze kennen as niewt dem Matterhornexpress d'Pendelkabinn Furi-Trockner Steg. Doduerch as de Furi e wichtegen Dréipunkt fir op d'Kléng Matterhorn ze kommen, den héchsten Punkt dien een an Europa mat enger Kabinn erreechen kann. Well bei der Kabinn Furi-Trockner Steg dachs laang Waardezäiten sin, gett gerooden mam Matterhorn-Express bis op de Schwarzsee ze fueren an dann via Furgg op den Trockenen Steg ze fueren.
Souwuel vum Schwarzsee wi och vu Furgg kennt eng Skipiste op de Furi. Di Piste vu Furgg as eng schwaarz an trotz Beschneiung meeschtens staark veräist an nemme ganz gudden Skifuerer unzeroden. D'Piste vum Schwarzsee ass vun rouder Faarw an huet no e puer géien Passagen e laangen Zéiwee den teschend rustikalen Chaleten um Furi erauskennt. Hei kann een och iwwer d'Stafelalp op de Furi fueren. Des Pist as mi einfach an kann och vu manner staarke Skifuerer benotzt gin.
[Änneren] Furi-Gornergrat
Zanter dem Dezember gett et eng nei debrayabel Kabinebunn, de Riffelberg-Express. Et handelt sech hei wi beim Matterhorn-Express em Panoramakabinen di déi laang erwaarten Verbindung zum Gornergrat iwwert de Riffelberg méijelech maachen. Firdrun war et nemme méijelech, vum Gornergrat Richtung Matterhorn Paradise ze fueren mee nit emgekéiert. Vum Furi aus kennt een a wéinege Minuten ouni Waardezäit op de Riffelberg. Des Kabin huet eng Zweschstatioun op enger Plaatz di nach zum Furi gehéiert awer mi déiw läit sou dass d'Piste vun der Riffelalp lo bedingt gett.
[Änneren] Furi-Zermatt
Vum Furi geet eng roud Pist zreck op Zermatt. Des Piste as beschneid mee bei héijeren Temperaturen a wéineg Schnéi schlecht ze fueren an duerfir gett vu villen Leit de Matterhorn-Express benotzt fir zreck op Zermatt ze fueren.