Trockner Steg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Trockner Steg oder Trockener Steg as e Plateau op 2939m um Rand vum Theodulgletscher.
Südëstlech si géi Fielswänn, an a Richtung Italien duuss Schihiwwelen um Gletscher.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Infrastruktur
Um Trocknen Steg si Garen vu Kabinen, Verwaltungsbüroen vun de Biergbunnen Zermatt an zwee Restauranten ( e Self-Service an eng Pizzeria) an eng Bar. Ausserdeem sinn do nach Infrastrukture fir Konschtschnéi aus Waasser ze produzéieren a via Leitungen bei d' Schnéikanounen ze leeden. Donieft as do eng Basis fir Pistebullien.
Den Trockner Steg as een Treffpunkt vun der Skischoul fir Coursen.
[Änneren] Bedeitung am Skigebitt
Den Trockner Steg as den Ausgankpunkt fir d'Gletscherskigebitt vun Zermatt
Op den Trocknen Steg kennt ee mat enger Pendelbunn aus der Richtung Furi an och vum Furgg.
Um Trocknen Steg as besonnesch bei guddem Wieder vill Betrib.
[Änneren] Furi-Trockner Steg
Eng grouss Pendelkabinn verbennt de Furi an e puer Minutten mam Trocknen Steg. Well hei dachs laang Waardezäiten sin, as et sennvoll och iwwer den Schwarzsee op den Trocknen Steg ze fueren.
[Änneren] Furgg-Trockner Steg
Um Furgg kann tëschent zwou Méigelechkeete wiele fir op den Trocknen Steg ze kommen. Engersäits eng mi al blo Pendelkabinn. Dës fiert nemme bis 13h an kënnt um Trocknen Steg selwer un. Donieft geet um Furgg en debrayablen véierer Sessellift fort, deen iwwer de Sandiger Boden op Theodul iwwert dem Trocknen Steg ukënnt. Hei kann een iwwert eng kuerz blo Pist iwwer de Bord vum Gletscher op de Trocknen Steg kommen. Hei hëlleft eng Telecorde de Skifuerer bei d'Gare vun de Kabinen vum Trocknen Steg ze kommen.
[Änneren] Anfängerlift
Um Trocknen Steg gett et en Idiotenhiwwel fir Anfänger. Op enger flaacher kuerzer Pist kennen Ufänger an aller Rou op engem klengen kuerzen flaachen Hang hier éischt kéieren üben. Et steet hinnen eng Telecorde zur Verfügung fir rem uewen op den Ufank vum Ufängerhiwwel ze kommen.
[Änneren] Trockner Steg-Furggsattel
Seit 2005 gett et en Gletschersessellift dien vum Trockenen Steg iwwer den Gletscher op den Furgsattel geet. Uewen um Sommet huet en e schéine Bleck iwwer den italienische Sekteur vu Breuil-Cervinia. Den ierwechte Pistenberäich as mi géi. Hei fennt och de bump bash statt. D'Piste vum Furggsattel gin Acces un de Snowpark dien niewend Spreng, Kickeren an Slide-Rampen och eng Halfepipe opweises huet.
Dese Lift ass een vun dienen eenzegen Sesselliften weltweit dienen zum gréissten Deel iwwer e Gletscher geet. E speziellen System huet missen entweckelt gin fir d'Pylonen sou ze setzten, dass een se je no Gletscherfléissen sou verstelle kann, dass den debrayablen Sessellift nach funktionéiert.
[Änneren] Trockner Steg-Plateau Rosa
Um Trockner Steg geet en laangen Ankerlift Richtung Plateau Rosa iwwert de Gletscher. De Lift Testa 1 geet iwwer et mi géien Hang an eng laanggeszunnen baal riicht Fläch. Hei gett den Lift Testa 1 vum Lift Testa 2 afgeléist dien dann uewen um Plateau Rosa ukennt, dien d'Grenz zu Italien mécht. Hei as een nemmen e puer Meter vun der Testa Grigia 3303m ewech. D'Restauranten vun der Testa Grigia sin ze ereechen an och d'Helikopterlandeplaatz vu Touristenflich vun der Air Zermatt zum Matterhorn fortgin.
[Änneren] Trockner Steg-Kléng Matterhorn
Vum Trocknen Steg hier geet eng grouss Pendelkabin an wéinege Minutten op d'Kléng Matterhorn 3820m. Vun hei aus huet en bei guddem Wieder en immensen Panoramabléck iwwer d'Alpen vun der Schwäiz, Italien a Frankräich an kann op enger liichter rouder Pist op de Gletscher fueren. Um Trocknen Steg muss een bei guddem Wieder och mol iwwert eng Stonn waarden fir an der Kabinn fir d'Kléng Matterhorn bäi ze kommen.