Gestengs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gestengs ass eng fest Verbindung vu Mineralien déi an der Natur virkënnt.
[Änneren] Sedimentgestengs
Ofgelagert Sedimenter gi mat der Zäit zu festem Gestengs, dëse Prozess heescht Diagenes. Et kann een ënnerscheeden tëscht
- Haardem a waasserduerchlässegem Sedimentgestengs, z. B. Sandsteen
- Mëllem a waasseronduerchlässegem Sedimentgestengs, z. B. Lehm, Mergel
[Änneren] Magmatescht Gestengs
Magmatescht Gestengs (Magmatite) entsteet duerch Erstarre vu Magma, je nodeems wéi dëst gechitt ënnerscheed een tëscht
- plutoneschem Gestengs (Plutonite): de Magma erstarrt lues (net am Waasser an net un der Loft), et ensti grouss Kristaller. Beispill: Granit.
- vulkanescht Gestengs: de Magma trëtt als Lava un d'Äerduerwerfläch an erstarrt séier an der Loft oder am Waasser, esou ensti just kleng Kristaller. Beispill: Basalt.
[Änneren] Metamorpht Gestengs
Souwuel Sediment- wéi och magmatescht Gestengs kënnen duerch héijen Drock an Temperatur ëmgewandelt ginn, z. B. bei der Verschiebung vu Kontinentalplacken. Je no Ausgangsgestengs, Drock an Temperaturkonditiounen entsti verschidden Zorte metamorpht Gestengs. Beispiller vu Metamorphosen: