Glucid
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gluciden sinn organesch Molekülen, déi bal ausschléisslech aus Kuelestoff (C), Waasserstoff (H) a Sauerstoff (O) bestinn. Well ganz vill Gluciden kënne mat der Formel Cn(H2O)n (n= 3,4,5,...) beschriwwe ginn, ginn se nach dacks als Kuelenhydrater bezeechent. Eng Rëtsch Kuelenhydrater hunn e séisse Goût, dofir gi s'och nach Zockere genannt.
Chemesch gesinn handelt et sech em Polyhydroxyaldehyden (Aldosen, HOCH2-(CHOH)n-CHO) an Polyhydroxyketonen (Ketosen, HOCH2-(CHOH)n'-CO-CH2OH) esouwéi ëm Oligo- a Polymerer vun dësen. Esou kënnt et datt ee Monosacchariden, Oligosacchariden an Polysacchariden ënnerscheedt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Chimie vun de Gluciden
[Änneren] Monosacchariden
- mat 5 C-atomen
- Ribos
- mat 6 C-atomen
- Glukos
- Fruktos
[Änneren] Oligosacchariden
- Disacchariden
- Saccharos
- Laktos
[Änneren] Polysacchariden
- Homopolymeren
- Cellulos
- Glykogen
- Heteropolymeren
- Chitin
[Änneren] Gluciden an der Ernierung
Glucide sinn nieft de Lipiden an de Proteinen di wichtegst Nierstoffer vum Mënsch. Si ginn aus dem Kuelestoff, Waasser a Sauerstoff duerch Photosynthes, an de Planzen mat Hëllef vu Sonnenenergie a Chlorophyll gebildt.
Zu de Gluciden zielen all d´Zocker- a Stäerktaarten genee esou wéi bal all d´Balaststoffer. Di deeglech Energiezoufuhr soll tëscht 50 a 60 % aus Kuelenhydraten bestoen, läit awer an den Industrielänner nëmme bei 40 - 45 %. De gréissten Deel vun dëser Energiezoufuhr soll aus stäerkt- a ballaststoffräicher Nahrung bestoen. Dëst sinn z.B. Geméis, Uebst a Käreprodukter, well si ausserdem och nach vill Vitaminnen a Mineralstoffer hunn.
Liewensmëttel di haaptsächlech aus Haushaltszocker oder wäisse Mielprodukter bestinn, solle wa méiglech gemidde ginn. Si hu praktesch keng Vitaminnen, Ballaststoffer oder Mineralstoffer.
Fir de Kierper si si an éischter Linn Energieliwweranten. Si kommen awer och an de Schanken an am Bindegewief vir an dat a Form vu Schläimstoffer am mënschlechen Organismus.
D´Opspaltung vun der Stäerkt fänkt schon am Mond un. Di haaptsächlech Verdauung ass awer eréischt am Daarm.
D´Opnahm vu Gluciden erhéijt kuerzfristeg de Bluttzockerspigel, woubäi awer en Ënnerscheed besteet waatfireng Zockeren et sinn. D´Glukos an d´Galaktos ginn zum Beispill ganz séier vum Dënndaarm opgeholl, soudass de Bluttzockerspigel ganz séier an d´Luucht geet, bei der Fruktos awer ass genee de Géigendeel de Fall. De Bluttzockerspigel geet op säin Ausgangsniveau zeréck soubal d´Kierperzellen d´Glukos opgeholl hunn.