Goldstandard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënnert Goldstandard versteet een de Währungsstatut vun engem Land, an deem d'Biljeeën am Ëmlaf duerch Gold gedeckt sinn. Beim Pabeiergeld ass do de Wert vun enger Geldunitéit a Gold ausgedréckt an ass da fräi a Gold konvertibel.
Wéinst dem Gesetz vum 6. Dezember 1929 ass de Lëtzebuerger Frang fir d'éischt définéiert ginn. Säi Wäert gouf deemools op e Goldgewiicht vun 0,0418422 Gramm festgeluecht, e Wäert dee spéider, duerch d'Devaluatiounen, sech verännert huet. De Goldstandard konnt am Laf vun der Zäit net oprecht erhale ginn. Hien ass 1944 op der Conferenz vu Bretton Woods grondléend ëmfonktionnéiert ginn.
[Änneren] Literatur
- Ferdinand Lips: Die Gold-Verschwörung, ISBN 3-930219-54-9