Golgiapparat
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Golgiapparat ass eng Organell an den Zellen. E besteet aus 4 bis 6 flaachen zouene Säck aus Biomembran déi Dictyosomen genannt ginn. De Passage vun engem Dictyosom zum nächste geschitt duerch Vesikelen (Golgivesikelen) déi sech vun dem éischten ofschnüren a mat dem nächste verschmëlzen.
All Proteinen, déi sekretéiert ginn, mussen de Golgiapparat passéieren. Do geschéien posttranslational Modifikatiounen ewéi z.B. Phosphoryléierung an den Tri je no der Destinatioun vun dem Protein.