Grenobel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Grenoble | |
---|---|
Land | Frankräich |
Regioun: | Rhône-Alpes |
Departement: | Isère |
Koordinaten: | 45° 11' Nord 05° 43' Ost |
Fläch: | 18,13 km² |
Awunner: | 158.000 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 8456 / km² |
Héicht: | 212 m i. NN |
Buergermeeschter: | Michel Destot |
Grenobel (Grenoble op franséisch; Grenoblo op frankoprovenzalesch) ass eng Stad am Südoste vu Frankräich a Chef-lieu vum Departement Isère.
Grenobel ass mat iwwer 150.000 Awunner déi gréissten Héichgebiergstad an den Alpen, nach virun Innsbruck mat deem d'Stad touristesch vill gemeinsam huet. Grenobel läit ronn 150 Kilometer südlech vu Genf, 100 Kilometer südëstlech vu Lyon an 350 Kilometer nërdlech vun der Côte d'Azur.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Grenobel läit tëscht de Massiver vum Vercors (am Südwesten), der Chartreuse (am Norden) an der Kette vu Belledonne (am Südosten). D'Stad läit ongeféier am Zentrum vun de franséischen Alpen a gëtt dowéinst och oft « capitale des Alpes » genannt.
D'Stad ass haaptsächlech op enger Ebene vun der Isère (Grésivaudan) gebaut ginn, wou dëse Floss mam Drac op enger Héicht vun 214 Meter zesummeleeft. Ronderëm d'Stad si gréisstendeels Bierger, wat de Stendhal derzou beweegt huet, iwwer Grenobel ze soen « Au bout de chaque rue, une montagne…». De Wantersport a besonnesch de Schi erméigleche Grenobel touristesch attraktiv ze sinn: eng zwanzeg Schistatioune leie ronderëm d'Stad, déi déi am nootste leie, si knapps 30 Minutte wäit ewech.
Ufanks wor d'Stad awer net um Zesummefloss vun Drac (den Draach) an der Isère (d'Schlaang) gebaut, mee géint d'Bastille, der eenzeger Plaz am Dall vum Grésivaudan wou eng Bréck konnt gebaut ginn. Grenobel ass (a senger urbainer Zon) eng vun de flaachste Stied vun Europa, wat derzou féiert, datt hei och vill mam Vëlo gefuer gëtt. D'Stad ass dominéiert vun der Bastille, enger aler defensiver Festung déi op enger Héicht vu 475 Meter gebaut ginn ass, a vum Zentrum duerch en Téléphérique kann erreecht ginn, deen ëmgangssproochlech « les bulles » genannt gëtt. Hannert der Bastille läit de regionale Naturpark vun der Chartreuse.
[Änneren] Geschicht
Grenobel war scho vun de kelteschen Allobroger bewunnt. An den Annale vun de Réimer gëtt d'Plaz eng éischte Kéier am Joer 43 v. Chr. als Cularo ernimmt, eng Stadmauer gëtt et schonns am Joer 286. Am Joer 377 gëtt d'Stad op den Numm Gratianopolis (nom Keeser Gratian) ëmgedeeft, wou sech den heitegen Numm dervun ofleed.
Zënter dem 4. Joerhonnert ass Grenobel e Bëschofssëtz; am Joer 879 fält et un d'Kinnekräich Burgund an zënter dem Joer 1242 huet d'Grenobel d'Stadrecht. D'Universitéit gouf am Joer 1339 gegrënnt. 1349 ass Grenoble mat der Dauphiné u Frankräich gaangen.
Am 18. Joerhonnert war d'Stad virun allem fir d'Konschthandwierk bekannt. D'Dynastie vun den Dëschler vun der Hache huet landeswäit u Bedeitung gewonnen, wéi si den Titel Dëschler vun den Herzoge vun Orléans krut. D'Wierker sinn nach haut am Musée Dauphinois zu Grenobel ze bewonneren. Scho 1788 koum et an der Stad zu enger antiroyalistescher Revolt (Journée des Tuiles), déi de Kinnek gezwongen huet, d'Generalstänn vun der Provënz anzeberuffen. Wärend der Revolutioun gouf d'Stad op den Numm Grelibre ëmgedeeft, a krut hiren heitegen Numm nees ënnert dem Napoleon zeréck.
De 26. Mee 1944 huet d'Stad ënnert engem schwéiere Bombardement gelidden.
Am Joer 1968 goufen hei déi X. Olympesch Wanterspiller opgefouert. Ënnert engem gewaltege finanziellen Opwand (ëmgerechent ëm déi 460 Milliounen €) gouf d'Stad deemools fir d'Groussverustaltung ausgebaut, well de Staatspresident Charles de Gaulle wollt d'Geleenheet notze, fir Grenobel als Symbol fir d'Moderniséierung vu Frankräich ze presentéieren.
[Änneren] Politik
[Änneren] Jumelage
D'Stad Grenobel huet Partnerschafte mat folgende Stied:
1961: Catania (Italien) | |||
1963: Innsbruck (Tirol) | |||
1976: Essen (Nordrhein-Westfalen), | Halle (Sachsen-Anhalt) | ||
1977: Chişinău (Moldawien) | |||
1984: Oxford (Groussbritannien), | Rehovot (Israel) | ||
1990: Phoenix (USA) | |||
1992: Pécs (Ungarn) | |||
1997: Kaunas (Litauen) | |||
1998: Sfax (Tunesien) | |||
1999: Constantine (Algerien) | |||
1999: Stendal (Sachsen-Anhalt) | |||
2002: Corato (Italien) |
[Änneren] Bevëlkerung
1962 | 1968 | 1975 | 1982 | 1990 | 1999 |
---|---|---|---|---|---|
156 707 | 161 616 | 166 037 | 156 637 | 150 758 | 153 317 |
Zuele vun 1962 un: [1] |
[Änneren] Berühmte Jongen a Meedercher vun der Stad
- 1709 : Jacques de Vaucanson, Erfinder a Mécanicien.
- 1783 : Henry Beyle (genannt Stendhal), Schrëftsteller.
- 1795 : Jacques Louis César Randon, Maréchal (1856) vum Napoléon III.
- 1801 : Xavier Jouvin, Erfinder.
- 1829 : Jacques Ferdinand Planche, Admirol.
- 1882 : Paul Louis Merlin, Industriellen (Matgrënner vu Merlin Gerin)
- 1921 : Jean Dréjac († 2003), Komponist (Ah ! Le petit vin blanc ; Bleu, blanc, blond ; L’homme à la moto ; Sous le ciel de Paris …)
- 1921 : Lionel Terray († 1965), Alpinist.
- 1942 : Michel Fugain, Komponist an Interpret.
- 1944 : Jean-Pierre Castaldi, Schauspiller.
- 1949 : Roland Magdane, Komiker.
- 1953 : Jacques-Marie Bardintzeff, Vulkanolog.
- 1956 : Jean-Marie Messier, Ex-Direkter vu Vivendi Universal
- 1959 : Maurice G. Dantec, Schrëftsteller.
- 1968 : Gérald Hustache-Mathieu, Regisseur.
- 1971 : Calogero, Komponist an Interpret.
- 1972 : The Hacker, Michel Amato, Disc-Jockey.
- 1973 : Miss Kittin alias Caroline Hervé, Disc-Jockey.
- 1978 : Mélissa Theuriau, Journalistin.
- 1990 : Sinsemilia, Musekgrupp
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Grenobel – Biller, Videoen oder Audiodateien |