Henri Pensis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Henri Pensis, gebuer den 3. November 1900 am Pafendall 1900 a gestuerwen den 1. Juni 1958, war den éischten Dirigent vum Orchestre symphonique vun RTL, aus deem 1996 den Orchestre philharmonique du Luxembourg, kuerz OPL, ervirgaang ass.
[Änneren] Säi Liewen
Den Henri Pensis studéiert am Conservatoire vu Lëtzebuerg, duerno zu Bréissel an an der Musikhochschule zu Köln. Seng richteg Carrière fänkt hien als Violonist un.
1926 gëtt hien no engem internationale Concours ernannt zum Konzertmeister des Symphonie-Orchesters Köln-Langenberg. Hie fält dem Hermann Abendroth op, deen him proposéiert säi Schüler an der Musikhochschule ze ginn. Den Henri Pensis hëlt un, hie kritt eng solid Bourse an erschafft eng ausseruerdentlech musikalesch an technesch Base.
1933 kënnt hien op Lëtzebuerg zréck. Hien iwwerhëlt den nei geschafenen Orchester vu Radio Lëtzebuerg. 1939 muss RTL zou maachen wéint der Krichgefor.
Den 29. Februar 1940 geet den Henri Pensis op eng Invitatioun hinn an d'USA. Hie leet d'éischt den New Jersey Philharmonic Orchestra,, 1942 den Symphoneschen Orchester vu Sioux City. Hien dirigéiert 3 Concerten am Carnegie Hall. Nom Krich kënnt hien no Lëtzebuerg zréck a reorganiséiert de Service Musical vu Radio Lëtzebuerg.
Géint 1955 leit hien ënner enger schlëmmer Aekränkt. Sei läschte Concert gëtt hien den 19. Mai 1958 bei der Exposition universelle zu Bréissel. Den 1. Juni 1958 stierft hien.
Den Henri Pensis war als Dirigent esou ausgefëllt, datt net vill Kompositioune bliwwe sinn.
Den Isaak Stern schreift: " I knew Henri Pensis and made music with him both in US and on the Radio Luxembourg many times. He was an excellent conductor and musician, always devoted to the service of music on the highest standard".
[Änneren] Säi Wierk
Soir d'été (poème symphonique)
Fugue classique
Verschidde Wierker leien nach an den Tiräng, sinn zum Deel nach Manuskripter.
Suite pour orchestre
Scène de danse pour orchestre
Nockes an Nackes (comédie musicale)
Hymne solennel
Fantaisie de Noël
[Änneren] populär Melodien
Fir d'Fräiheet
Op der Juegd
D'Fréijoerslidd
[Änneren] Literatur
Loll Weber: Hommage à Henri Pensis, in Nos cahiers 1983/2