Pafendall
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pafendall ass e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, geleeën an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, méi oder manner tëschent der Rouder Bréck an dem Eisebunnsviadukt.
Schonn zu Réimerzäiten huet hei eng Bréck iwwert d'Uelzecht gefouert. Op den 2 Säite vum Floss stinn 2 gutt erhale Paarte vun der Vaubans-Festung.
Déi Pafendaller Kierch ass no dem Zweete Weltkrich bekannt ginn, well den deemolege Paschtouer Jean-Pierre Ries a säi Koschter Hary Wiesen mat Hëllef vun der Thérèse Strauss ënner Liewensgefor sechs Lëtzebuerger Zwangrekrutéierten am Kierchtuerm verstoppt haten, Zwangsrekrutéierten, déi net an enger preisescher Uniform kämpfen wollten. Et woeren dat de Vic Fischbach, de René Schiltz, de Gaston Kerger, den Nicolas Schaefers, den Emile Schaefers an de Lucien Kraus.
[Änneren] Geschichtleches
Den 30. Mee 1976 owes gouf et am Pafendall eng schwéier Explosioun an e grousst Feier. Et goufen Doudeger a 17 Schwéierblesséiert dovunner 2 Pomjeeën. Den Ausgangspunkt vun der Explosioun war Beim Béinchen, an dësen Deel vum Pafendall war komplett an e Koup gefall. 45 Leit déi keen Dag méi iwwer dem Kapp haten, goufen an der Jugendherberg opgeholl, wou se vun der Famill Tonnar, déi dës déizäit geleet huet, betreit.
[Änneren] Kuckt och
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polfermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens