Hestia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Hestia war d'Gëttin vum Häerdfeier, d'Duechter vum Kronos a vun der Rhea (Mythologie). Si huet zu den 12 olympesche Gëtter gehéiert an ass éiweg Jongfra bliwwen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ursprong
Doduerch datt d'Heem hier wichtegst Plaz war (si huet fir Wäermt am Wanter, waarmt Iessen a Liicht gesuergt) , gëtt ugeholl datt d'Hestia aus enger vill méi aler Gëttin entstan ass, villäicht aus enger direkter Ëmwandlung vun der Magna Mater déi vun indo-europäesche Vëlker mat a Griicheland bruecht ginn ass (wahrscheinlech am 2. Jordausend v.Chr.).
[Änneren] Mythos
Si huet d'haislecht Liewe beschützt war déi frëndlechst ënnert den Olympier. Si huet dat hellegt Feier an der Hal vum Olymp, dat ëmmer huet misse brennen, ënnerhalen an all Häerdfeier op der Aërt war hieren Altor. Vun all Iesse wat gekacht ginn ass ass eng Portioun als Affer fir d'Hestia an d'Feier geluecht ginn.
Wéi de Poseidon an den Apollo em si gefrien hunn, huet d'Hestia op de Kapp vum Zeus geschwuer datt si géif éiweg Jongfra bleiwen. Den Zeus huet hier dofir d'Éier zougedeelt datt si bei all Afferung als éischt geéiert sollt ginn. D'Hestia war, nieft der Athene an der Artemis (Mythologie), eng vun den dräi jongfräuleche Gëttinnen déi géint dem Aphrodite säin Zauber immun waren.
D'Hestia huet ni un iergendweleche Kricher oder Conspiratiounen deelgeholl, wéi z.B. der Gigantomachie, dem Trojanesche Krich oder der Rebellioun vun de Gëtter géint den Zeus. Wéi den Dionysos an den Olymp opgeholl ginn ass huet si em hier Plaz iwwerlooss.
[Änneren] Verschiddenes
- Obwuel si eng wichteg Gottheet an der griichescher Religioun war, ass si seelen an der Konscht gewise ginn, huet keng grouss Roll an der Mythologie gespillt an huet och weider keng Ikonographie. Gewéinlech ass si als lieweg Flam duergestallt ginn oder als verschleiert Jongfra.
- Hiere Feierdag war den 8. Juni.
[Änneren] Entspriechungen
- Vesta
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |