Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Homo rudolfensis war den éischten Urmënsch. Säi Gehier war vill méi grouss wéi dat vun de Südafen. En huet sech entweder aus dem Kenyanthropus oder dem Australopithecus entwéckelt an huet am heitege Kenia a Grassavannen virun 2,5 bis 1,8 Millioune Joer gelieft.
Gehirvolumen |
600 - 800 cm³ |
Gréisst |
geschätzt 1,55 m |
Gewiicht |
? kg |
Kascht |
gemëscht |
Handwierksgeschier |
einfach, aus Steen |
Ee Mataarbechter vum Team vum Richard Leakey huet 1972 um Turkanséi a Kenia e Schiedel fonnt, deen ënnert der Nummer KNM-ER 1470 registréiert gouf a fir d'éischt dem Homo habilis zougeschriwwe ginn ass. Wéinst de groussen Ënnerscheeder zu den anere Fossiller vum Homo habilis huet de Russ Walerij Alexcejw 1986 virgeschloen fir d'Relikt an eng eegen Aart ëmzebenennen, dem Homo rudolfensis. Et handelt sëch ëm deen éischte Mënsch.