Déiereräich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
Aphthona flava | |||||
|
|||||
Domän : | Eukaryoten | ||||
Räich : | Déiereräich | ||||
|
|||||
Animalia | |||||
|
|||||
|
Animalia, Déiereräich, ass eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten. D'Naturwëssenschaft vun den Déieren ass d'Zoologie.
Et ginn iwwer 30 Stämm am Déiereräich an all Memberen sinn Organismen déi méi Zellen hunn, keng Photosynthes bedreiwen mä hier Energie mat der Nahrung ophuelen.
D'Déiereräich ëmfaast net nëmmen d'Mamendéieren mä och Reptiller, Vullen, Amphibien, Fësch an di enorm Mass un Déieren ouni Wierbel wéi d'Schämm, d'Quallen, d'Kriibsdéieren, d'Insekten an d'Séistären.
D'Zoologen hu bis elo schonn iwwer 1,5 Milliounen Déierenaarte beschriwwen, dovunner sinn 90 % ouni Wierbel. D'Wësseschaftler ginn dovunner aus dass et nach 15 Milliounen onentdeckten Aarte ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Entwécklung
Well d'Déiere vill Kraaft fir d'Fortbewegung brauchen, hu sech d'Muskelen an de Skelett entwéckelt. D'Fortbewegung war wichteg, well si hir Energie just konnten duerch d'Friesse vun aneren Organisme kréien.
Ausserdeem hu si Sënnesorganer gebraucht fir Informatiounen ze kréien a sech séier kënnen z'orientéieren. Fir dës Informatiounen ze verschaffen an a präzis Bewegunge vun de Muskele kënnen ëmsetzen, hu si en Nervesystem gebraucht. E groussen Deel vun den Déieren hunn ausserdeem e Verdauungssystem gebraucht fir d'Nahrung déi opgeholl ginn ass a konsuméierbar chemesch Eenzeldeeler ze zerleeën an de Recht erëm auszescheeden.
[Änneren] Sënnesorganer
Ouni hir Sënner kënnen Déiere keng Nahrung oder aner Déieren fannen. Si giffen net matkréie wa si a Gefor sinn a kéinte sech bei der Fortbewegung net orientéieren. Niewent deene 5 bekannte Sënner, wéi d'Richen, d'Fillen, d'Kucken, d'Héieren, d'Schmachen, hu vill Déieren nach aner Sënner déi si brauche fir z'iwwerliewen. D'Klapperschlaangen kënnen z.B. Wäermtstrahlen empfannen a sou hier Beit erkennen. All Sënnesorganer wéi d'An, d'Ouren oder d'Taschthoer vun den Huese sinn iwwer Nervenzelle mam Gehir verbonnen.
[Änneren] Anatomie
Vill Déieren, virun allem d'Landwierbeldéieren hunn e Sklett, dee wichteg ass fir de Kierper ze haalen, déi bannescht Organer ze schützen an fir d'Muskelen. D'Wierbeldéieren hunn e Sklett aus Schanken, ouni dat si sech emol net kinnte bewegen. Aner Déiere wéi d'Spannendéieren hunn e Sklett aus der fester Substanz Chitin.
[Änneren] Systematik
Déiereräich
- Ënnerräich Metazoa (Déieren mat villen Zellen)
-
- Stamm Schwämm (Porifera)
- Stamm Nesseldéieren (Cnidaria)
- Stamm Rëppequallen (Ctenophora)
- Iwwerstamm Urmünder (Protostomia)
- Stamm Glidderfüssler (Arthropoda)
- Stamm Réngelwierm (Annelida)
- Stamm Weechdéieren (Mollusca)
- Stamm Kelchwierm (Entoprocta)
- Stamm Schnouerwiirmer (Nemertini)
- Stamm Gnathostomulida
- Stamm Plattwierm (Plathelminthes)
- Stamm Sprëtzwierm (Sipunculida)
- Stamm Tentaculata
- Stamm Schlauchwierm (Nematoda)
- Iwwerstamm Neimünder (Deuterostomia)
- Stamm Stachelhäuter (Echinodermata)
- Stamm Hemichordata
- Stamm Chordata
- Stamm Pfeilwierm (Chaetognatha)
-
[Änneren] Kuckt och
- Systematik vun de Mamendéieren
- Systematik vun de Reptiller
- Systematik vun de Vullen
- Systematik vun den Insekten
- Systematik vun de Spannendéieren
|
|
Déiereräich - Planzeräich - Protisten - Pilzeräich |