IMac
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den iMac gouf 1998 vun Apple Computers agefouert. Deemools wéi haut war den Écran an de Computer an engem Stéck. Déi éischt haten nach Mac OS 8.1 an 233 mHz Prozessoren. Mee si goufen ëmmer weiderentwéckelt a kruten e G3 Prozessor.
Dunn 2002 koum den iMac G4, e Computer, deen duerch säin eleganten Design opgefall ass. 2005 koum de G5 Prozessor an dobäi en neien Design fir den iMac. 2006 huet Apple de Wiessel vum IBM PowerPC-Prozessor op Intel Core Duo Prozessere gemaach. Déi nei iMacen hunn iLife fir Videoen, Musek, Fotoen, a Front Row (Fernbedienung), Webcam a Villes méi.
Bis elo goufen et dräi Modeller, déi sech grondsätzlech vum Design hier ënnerscheet hun.