Jean Parisot de La Valette
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean Parisot de La Valette, gebuer 1494 am Schlass vu Labro zu Parisot, a gestuerwen den 21. August 1568 zu Valletta op Malta, war e Groussmeeschter vum Souveräne Malteseruerden.
De Jean Parisot de La Valette entstaamt enger aler Famill vun Toulouse. 1557 gouf hien zum 49. Groussmeeschter vun de Malteser gewielt, e Posten, deen hie bis zu sengem Doud hat.
Hien huet sech 1565 e grousse Numm gemaach, wéi e bei der Belagerung vu Malta dem Suleiman II. mat senge 40.000 Männer an iwwer 200 Schëffer de Bass gehalen huet, an esou d'Tierken heemgeschéckt huet. Duerno huet hien d'Festung weider ausbaue gelooss an 1566 huet en d'Stad Valletta gegrënnt, déi säin Numm dréit.