Kanton Vaud
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Schwäiz |
Haaptuert: | Lausanne |
Fläch: | 3.212 km² |
Awunner: | 657.700 (2004) |
Bäitrëtt an Eedgenosseschaft: | 1803 |
Sproochen: | Franséisch |
Vaud ass e Kanton am Weste vun der Schwäiz.
De Kanton heescht:
- op Däitsch: Waadt
- op Franséisch: Vaud
- op Italienesch: Vaud
- op Rätoromanesch: Vad
[Änneren] Geographie
De Kanton Vaud läit am Weste vun der Schwäiz. Am Weste gëtt bal seng ganz Grenz vum Genfer Séi gemaach an am Oste stéisst en un de Neuenburger Séi. Am Nordweste grenzt en un déi franséisch Departementer Ain, Jura an Doubs, am Südwesten un de Kanton Genf, am Südosten un de Valais, am Osten un d'Kantoner Freibourg a Bern an am Nordosten u Neuenburg. Iwwer de Genfer Séi ewech stéisst en un d'franséischt Departement Haute-Savoie.
[Änneren] Exklaven
Am Nordoste vum Kanton ass Avenches eng Exklav am Kanton Freiburg.
[Änneren] Enklaven
De Kanton Vaud huet dräi Enklave vum Kanton Freiburg, an am Südwesten Céligny aus dem Kanton Genf
[Änneren] Bevëlkerung
D'Amtssprooch ass Franséisch an de gréissten Deel vun der Bevëlkerung ass protestantesch.
De gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft am Stadgebitt vu Lausanne, an der Agglomeratioun vu Montreux - Vevey an zu Yverdon-les-Bains.
Nyon läit um Randgebitt vun der Stad Genf.
Aner gouss Urtschafte si Morges, Renens a Rolle.
[Änneren] Verwaltung
De Kanton ass zënter 1803 an 19 Distrikter agedeelt:
|
|
Aargau | Appenzell-Ausserrhoden | Appenzell-Innerrhoden | Basel-Land | Basel-Stad | Bern | Fribourg | Genf | Glarus |
Graubünden | Jura | Luzern | Neuenburg | Nidwalden | Obwalden | Schaffhausen | Schwyz | Solothurn |
Sant-Gallen | Tessin | Thurgau | Uri | Vaud | Wallis | Zug | Zürich