Protestantismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Protestantismus ass eng chrëschtlech Konfessioun déi am Europa vun der Renaissance am Kader vun der Reformatioun ënnert dem Afloss vu Martin Luther a Jean Calvin entstanen ass. De Begrëff geet op d'Speyerer Protestatioun während dem Reichstag zu Speyer 1529 zeréck. Si hu géint d'Ophiewe vum Abschied vu Speyer (1526) protestéiert, mat deem de Länner, déi sech der Reformatioun ugeschloss haten, Rechtssécherheet zougesot gi war, an hu sech dobäi op d'Glawensfräiheet vum Eenzelne beruff.
An enger Partie Kricher war de Protestantismus méi oder manner en Haaptgrond, dozou gehéieren d'Reliounskricher a Frankräich oder den Drëssegjärege Krich, dee ganz Europa a speziell Däitschland erfaasst hat. Eréischt mam Ausgburger Reliounsfridden (1555) an dem Westfälesche Fridden (1648) gouf de Protestantismus unerkannt.
Allgemeng ginn déi Konfessiounsrichtungen protestantesch genannt, déi sech vun der kathoulescher Kierch distanzéiere wollten, an dobäi, zum Beispill, d'Autoritéit vum Poopst net unerkannt hunn. An deem Sënn zielt och d'Anglikanesch Kierch zum Protestantismus, genee sou wéi d'Fräikierchen, d'Mennoniten an d'Baptisten.
[Änneren] Glaawensléier a Charakteristiken
De Protestantismus konzentréiert sech staark op d'Bibel (Sola scriptura), erkennt de Jesus Christus als eenzeg Autoritéit iwwer de Gleewegen (Solus Christus), a vertrëtt d'Usiicht, datt de Mënsch alleng aus Gnod - an eben net duerch eegen Handlungen - gerett gëtt (Sola gratia). Rechtfertegung kritt de Mënsch eleng duerch de Glawen (Sola fide). Dementspriechend ginn Ablass, Bouss asw. refuséiert, well si näischt bewierke kënnen.
Verschidde Sakramenter aus der kathoulescher Kierch gi vun evangelesche Kierchen net unerkannt, well si net vu Christus selwer agesat goufen. De Gottesdéngscht gouf praktesch vun Ufank un an der Landessprooch ofgehalen, während d'Kathoulesch Kierch nach bis virum Zweete Vatikanesche Konzil um Laténgesche festhält.
Am Mëttelpunkt vum protestantesche Gottesdéngscht sti Priedegt an Abendmahl. D'Abendmahl gëtt gewéinlech an den zwou Gestalten, also Brout a Wäin (oder och roudem Drauwejus) ageholl. An de protestantesche Kierche gëtt meeschtens op Dekoratioun verzicht, Pilgerungen a Prozessioune sinn net üblech.