Karikatur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Karikatur (v. it.: caricare - "iwwerlueden, iwwerdreiwen") versteet een déi mat Witz iwwerzeechent Duerstellung vu Persounen oder gesellschaftlechen Zoustänn.
Et handelt sech meeschtens ëm eng bildlech Form vun der Satir. D'Karikatur iwwerdreift bewosst, iwwerspëtzt a verzerrt charakteristesch Zich vun engem Evenement oder engem Mënsch, fir duerch de gewisene Kontrast zur Realitéit an déi duergestallte Widderspréch de Betruechter zum Nodenken ze bewegen.
Dacks geschitt dëst an engem politesche Kontext, wou zu enger aktueller Situatioun sarkastesch-ironesch Stellung bezu gëtt. Wesentlech Feeler a Mängel vun der duergestalltener Persoun (z.B. vun engem Politiker) oder dem Objet oder Evenement, ginn opgedeckt an duerch d'Aart a Weis vun der meeschtens zeechnerescher Presentatioun der Lächerlechkeet präisginn.
D'Karikatur kann awer och humoristesch ausgeriicht sinn an eenzeg an eleng der Ënnerhalung dingen (z.B. Karikature vu Schauspiller a Boulevardzäitschrëften an Illustréierten).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht vun der Karikatur
[Änneren] Typologie
[Änneren] Déi politesch Karikatur
[Änneren] Karikatur an den Diktaturen
[Änneren] Karikatur an der politescher Propaganda
[Änneren] Rassistesch Karikatur
[Änneren] Sexistesch Karikatur
[Änneren] Karikatur am Nationalsoszialismus
[Änneren] Reliéis Karikatur
[Änneren] Klassiker
[Änneren] William Hogarth
[Änneren] George Cruikshank
[Änneren] Honoré Daumier
[Änneren] Thomas Nast
[Änneren] Wichteg Karikaturisten
[Änneren] Däitschland
- Horst Haitzinger Den Hauskarikaturist vun der tz Tageszeitung
- Kurt Halbritter
- Gerard Hoffnung
- Luis Murschetz Dem Paul Flora säin Nofolger an der Wochezeitung Die Zeit.
- Chlodwig Poth, Pardon an Titanic
- Michael Mathias Prechtl, Buchillustratiounen bei der Büchergilde Gutenberg an Titelbiller vum Der Spiegel
[Änneren] Frankräich
- Caran d'Ache, den Emmanuel Poiré, e Klassiker vun der franséischer politescher Karikatur
- Plantu, de Jean Plantureux ass zënter 1972 den Hauskarikaturist bei Le monde.
- Jacques Faizant, dee bal 40 Joer laang op der Titelsäit vun der Dageszeitung Le Figaro seng Karikature publizéiert huet.
[Änneren] Éisträich
- Paul Flora
[Änneren] Lëtzebuerg
- Fons Deloos
- François Didier alias "Diti", DE soziale Fortschrëtt an Tageblatt
- Duy Didier, Journal an D'Lëtzebuerg Land
- Nic Feider, den "Nuckes", Lëtezbuerger Sonndesblat
- Alphonse Hutsch, Revue an Tageblatt
- Frantz Kinnen, deen eng Zäit Karikature fir De Mitok gezeechent huet.
- Roger Leiner
- Romain Lenertz
- Pol Leurs, Forum a Revue
- Albert Simon
- Guy W. Stoos
- Marcel Weiland
[Änneren] Norwegen
- Olaf Gulbransson
[Änneren] Literatur zum Thema
- Knieper, Thomas: Die politische Karikatur: Eine journalistische Darstellungsform und deren Produzenten. Köln: Herbert von Halem Verlag, 2002
- Lamb, Chris: Drawn to Extremes: The Use and Abuse of Editorial Cartoons. New York, Columbia University Press, 2004
- Schneider, Franz: Die politische Karikatur. München: C.H. Beck, 1988
- Kotek, Joel: Au nom de l'antisionisme. L'image des juifs et d'Israel dans la caricature depuis la seconde Intifada. Bréissel/Paräis: Editions Complexe, 2004