Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Vun alle Katastrophen duerch Atomkraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl déi schlëmmste Folgen an huet déi meeschten Affer gefuerdert.Déi däitsch Wikipedia huet eng Lëscht mat 123 Katastrophen duerch Atomkraaftwierker, déi tëschent 1945 an 2000 passéiert sinn, opgestallt. Si begräift all Accidenter duerch Atomstrahlen, mat Ausnam vun de Katastrophen duerch de bewossten Asaz vun Atomwaffen, wéi zu Hiroshima an Nagasaki. Héi sinn, chronologësch opgezielt, déi schlëmmsten Accidenter duerch Atomkraaft:
1961
- 4. Juli – Beim sowjetëschen U-Boot K-19, engem Boot vun der Hotel-Klass, fält virun der Küst vun Norwegen d' Reakterkillsystem aus. Dodurch gët d'Besatzung, Deeler vum U-Boot an déi ballistesch Rakéiten u Bord gi kontaminéiert. E puer Persounë stierwen. D'Temperatur vum Reakteor klëmmt op 800 °C, bal genuch fir Brennstief schmëlzen ze loossen. Der Besatzung gelengt ët, duerch Noutfallprozeduren d'Kontroll iwwert d'Hëtzt erëm hierzestellen an un d'Küst ze kommen.
- 13. Oktober – Barentsséi: Am dem sowjeteschen U-Boot K-8, engem Boot vun der November-Klass, explodéiert een Dampgenerator. 13 Besatzungsmemberen stierwen duerch Strahlungen. D'Boot kéiert ëm a kënnt z'rëck op säi Stützpunkt.
- 10. Dezember – Bei enger ënnerierdescher Test-Explosioun ginn onerwaart Wolleken vu radioaktivem Damp freigesat; e puer Highways an New Mexico mussë gespaart ginn.
1963
- 10. Abrël – D'Atom-U-Boot USS Thresher (SSN-593) geet am Laf vun engem Test um Mier ëstlech vu Boston (Massachusetts) mat 129 Besatzungsmemberen ënner. Der Reakter ass mat ënnergang an ass ni recuperéiert ginn.
- 10. Abrël Nordatlantik – Beim sowjeteschen U-Boot K-19, engem Boot vun der Hotel-Klass kënnt et zu engem Leck am Reakterkillsystem , wourophin 8 Besatzungsmmemberen duerch Strahlungsawierkunge stierwen an d'Boot ofgeschleeft muss ginn.
- Mee – Zu Mandan (North Dakota) gët déi héichst an den USA je gemoosst Konzentratioun (Stand 2003) vun 90Strontium an der Mëllech ëntdeckt, wahrscheinlech verursacht duerch de streng geheimen Hanford Laboratoire.
1966
- 17. Januar – Bei Palomares (Spuenien) kollidéiert op enger Héicht vun 9.000 m en amerikaneschë Laangstrecke-Bommefliger vum Typ B-52 Stratofortress mat engem Tankfliger vum Typ KC-135 Stratotanker vun der US Air Force. Déi zwee Fligeren explodéieren, aacht vun den eelef Besatzungsmemberë vun den zwéi Fligerë stierwen an déi véier Waasserstoffbommen vun der B-52 falen an der Noperschaft vum südspueneschen Duerf Palomares erof. D'¨Secherheetsdispositioune verhënneren zwar eng thermonuklear Explosioun, mee di héichexplosiv Sprengladungen détonnéieren an zwou vun den Bommen. Méi wéi honnert Hektar Agrarland ginn duerch radioaktiv Partikel kontaminéiert. Grouss Quantitéitë Plutonium goufë fräigesat an d'Tomaten, déi do wuessen hu missen ënnergeschärt oder zerstéiert ginn. Zenter 2004 hu rezent Studië nogewiss dat méi Plutonium fräigesat gi war wéi am Ufank ugeholl gouf an datt zousätzlech Décontaminatiounsmoossnamen noutwendeg sinn.
- September – Plutoniumfeier zu Livermore.
- 5. Oktober – Opgrond vun enger falscher Funktioun vum Natrium-Killsystem am Enrico Fermi demonstration nuclear breeder reactor um Uwänner vum Erieséi bei Monroe (Michigan) kënnt et zm Ufank vun enger Käerfusioun. Baussë vum Opfangsbehälter goufen allerdengs keng zousätzlech Strahlë fräigesat. Mee de Virfall huet zu heftegen Diskussiounen iwwert d'Sëcherheet vun den Atomreakterë gefouert.
- Wanter 1966 – 1967 (Datum net bekannt) – Dat éischt duerch een Atomreakter ugedriwwent sowjetescht Schëff, den Äisbriecher Lenin, huet een Accident (Ufank vun enger Kärfusioun) an 30 Besatzungsmemberë sollen dobäi ëmkomm sinn. Bis 1970 gouf d'Schëff ausser Dengscht gesat an dunn mat zwéin neië Reakteren erëm an den Dëngscht geholl.
1968
- 22. Januar – Eelëf Kilometer südlech vun der Thule Air Force Base a Grönland brécht e Feier an engem B-52 Bommefliger aus. Iwwert deem datt en eroffält, verléiert en dräi Waasserstoffbommen iwwert dem Land, eng fält an d'Mier. D'Dänen, deene Grönland gehéiert an dat Atomwaffen op sengem Territoire verbitt, hunn empfindlech reagéiert an et goufen Demonstratiounen. Wéi et schengt, läit dës 4. Bomm nach ëmmer um Grond vum Mier.
- 8. März – E sowjetescht U-Boot vun der Golf-Klass geet ronn 1.200 km nordwestlech vun der Insel Oahu (Hawaii) ënner a läit an enger Déift vun 5.900 m. 97 Matrousen koumen dobäi ëm . U Bord befannen sech dräi nuklear ballistesch Rakéiten. Deeler vun dësem Boot sinn 1974 vun den USA recuperéiert ginn.
- 21. Mee – Dat atomart U-Boot USS Scorpion (SSN-589) geet mat zwéin Torpedoë mat Atomsprengkäpp an 99 Matrousen ënner. Dat nukleart Material konnt nët sëchergestallt ginn. De Site gët lo photographesch iwwerwaacht. Wéi et schengt, ass bis ëlo kee Plutonium ausgetratt.
1979
- 28. März – An der Atomzentral vu Three Mile Island bei Harrisburgh (Pennsylvania) fält d'Killung vum Reakter aus, an et kënnt zu enger partieller Kärfusioun, wouduerch radioaktiv Gasë fräigesat ginn. Dësen Accident ass bis lo de schrootsten, dee bis lo bei engem kommerziellë Reakter an den USA passéiert ass.
1985
- 10. August – Bei Wladiwostok geréit de Reakter vun engem sowjeteschen Viktor I U-Boot an e kriteschen Zoustand; en héijë Strahlungspegel gëtt erreecht; zeng Persounen kommen ëm.
1986
- 6. Januar – An der Opbereedungsanlag "Kerr-McGee" zu Gore (Oklahoma) zerbrécht een Zylinder mat nuklearem Material . Een Aarbechter stierft, 100 ginn an eng Klinik ageliwwert.
Kuck Tschernobyl
1989
- 7. Abrël – U Bord vum sowjeteschen U-Boot Komsomolets brëcht ongeféier 480 km virun der Küst vun Norwegen Feier aus. 27 Besatzungsmemberen ëntkommen, 42 stierwen, wéi d'Schëff matt zwéin nuklearequippéierten Torpedoen an dem Reakter ënnergeet.
1998
- Eng Recyclings-Entreprise, Acerinox zu Cádiz (Spuenien) aktivéiert, ouni et ze wëssen, beim Aschmëlzen vu Schrott eng radioaktiv Strahlequell. Eng radioaktiv Wollek breet sech bis an d'Schwäiz aus.