Kola (Hallefinsel)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Kola Hallefinsel (Russesch: Кольский полуостров - "Kol'ski poluostrow") läit op russeschem Territoire a gehéiert zu dem Oblast Murmansk. D'Hallefinsel grenzt um nërdleche Bord un d'Barent Mier an am Osten a Süden un d'Wäisst Mier.
D'Gebitt ass räich un natierleche Ressourcen (Äerzer a Mineralien). Minette, Aluminium, Titan, Apatit a keramescht Material sinn déi di am heefegste virkommen.
Am Nordoste läit Murmansk, déi gréisste Stad vun der Hallefinsel. Zu sowjeteschen Zäite war d'Hafestad den Zentrum vun der Atom-U-Boot Produktioun an Haaptsëtz vun der sowjetescher (haut russescher) Nordmierflott.
Kola huet duerch déi sëlleche militäresch an industriell Aktivitéiten an deene leschte Joerzéngten ökologesch ferm gelidden. D'Eraushuele vum Apatit an déi bestänneg radioaktiv Kontaminatioun duerch déi iwwer 250 -haut zwar net méi aktiv, mee schlecht isoléierten- Atomreaktere sinn hei d'Haaptursaachen.
Zënter 1970 ginn op der Hallefinsel och geologesch Buerunge gemaach. Déi déifsten ass déi sougenannt Kola-Buerung. 1994 gouf eng Déift vun 12.262 Meter erreecht, bis haut Weltrekord.