Konsul
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Titel Konsul gëtt gebraucht fir offiziell Representante vun engem Staat ze bezeechnen. Déi genee Definitioun vum Amt vun engem Konsul hängt awer ganz vun der jeweileger Zäitperiod of.
[Änneren] Réimerzäit
E Konsul war den héchste Regierungsbeamten am Réimesche Räich. Fir Muechtmëssbrauch virzegräifen gouf et awer ëmmer zwee gläichberechtegt Konsulen, déi sech géigesäiteg kontrolléiert hunn. Si goufe vun der Volleksversammlung op ee Joer gewielt. Si hunn de Senat an d'Volleksversammlung aberuff a waren am Krich d'Féirer vun de réimesche Sträitkräften.
[Änneren] Revoltionäert Frankräich
A Frankräich hunn nom Stuerz vum Directoire 1799 dräi gewielte Konsulen d'Regierung gefouert. Deen éischten ënnert hinne war den Napoléon. Heen huet awer no an no all d'Muecht a senger Hand konzertréiert, bis datt 1804 mat senger Kréinung zum Keeser d'Konsulat definitiv um Enn war.
[Änneren] Haut
Hautesdaags bezeechent e Konsulat eng diplomatesch Funktioun, déi sech am Ausland fir d'Interesse vum eegene Staat a senge Bierger asetzt, mee am Rang ënnert deer vun engem Ambassadeur steet.