Directoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Directoire war de franséische politesche Regime den d'Exekutivmuecht vum 4. Brumaire Joer IV bis zum 18. Brumaire Joer VIII hat. Den Directoire war den Nofolger vun der Convention nationale.
Laut der Konstitutioun vum Joer III goufen d'Direktere vum Conseil des Anciens gewielt. Déi fënnef éischt Directeurs waren de Rewbell, de Barras, de La Révellière Lépeaux, de Carnot an de Letourneur. All Joer huet een Direkter misse seng Plaz fräi maachen, dëst huet d'Lous entscheed. Nom Staatsstreech vum 18. Fructidor Joer V (4. September 1797) ass den Directoire an d'Hänn vun engem Triumvirat gefall (Rewbell, Barras, La Révellière Lépeaux).
D'Legislativ loung an den Hänn vum sougenannte Corps législatif, dee sech aus Membere vum Conseil des Anciens a vum Conseil des Cinq-Cents zesummegesat huet.
Den Directoire war, virun allem am Ufank, eng grouss Epoch fir d'franséisch Arméi : d'ganz Militärgeschicht vun dëser Zäit steet an den Nimm Bonaparte, Kléber, Desaix, Masséna a Moreau.
Bannepolitesch huet den Directoire versicht, d'Interessen ze vereenegen, an den neie Gouvernement ze festegen, ouni zu extreme Mëttelen ze gräifen; mee duerch d'finanziell Problemer huet missen zu der Faillite gegraff ginn, déi ënnert den Numm vum Tiers consolidé verstoppt gouf.
Obschonns d'militäresch Victoirë vum Napoléon Bonaparte an Italien (1797) dem Staat erlaabt hunn, d'Krichskontributiounen an d'Luut ze hiewen, gouf aus dem Directoire, ënnert der Leedung vum Barras (« le roi des Pourris » laut dem Bonaparte) e Synonym fir Staatskorruptioun (Inflatioun vun den Assignats).
No e puer Réckschléi goufen d'Direkten als incapabel dohinnergestallt; si waren sech ënnerdeneen och selen eens. No verschiddenen interne Revolutiounen huet de Bonaparte, mat der Hëllef vum Sieyès, dem Directoire en Enn gesat mat sengem Staatsstreech vum 18. an 19. Brumaire, deen de Consulat an d'Liewe geruff huet. Zu dësem Zäitpunkt waren déi fënnef Direkteren de Barras, de Sieyès, de Gohier, den Ducos an de Moulin.
[Änneren] Lëscht vun den Direkteren
- Membere vum 10. Brumaire Joer IV :
- Jean-François Rewbell (oder Reubell) (1747-1807)
- Paul Barras
- Louis-Marie de La Révellière-Lépeaux (1753-1824)
- Étienne-François Le Tourneur (1751-1817)
- De François de Barthélemy ersetzt de Louis-François Letourneur.
- « Remaniement » vum 18. Fructidor Joer VI :
- De Philippe-Antoine Merlin de Douai (1754-1838) an den Nicolas-Louis François de Neufchâteau (1750-1828) ersetzen de François de Barthélémy an de Lazare Carnot.
- « Remaniement » vum 20. Floréal Joer VII :
- De Jean-Baptiste Treilhard ersetzt den Nicolas-Louis François de Neufchâteau.
- « Remaniement » vum 21. Floréal Joer VIII :
- De Sieyès ersetzt de Jean-François Rewbell.
- « Remaniement » vum 30. Prairial Joer VIII :
- De Louis Gohier (1746-1830) ersetzt de Jean-Baptiste Treilhard, deem seng Wiel annuléiert gouf ;
- De Roger Ducos (1747-1816) an de Generol Jean-François Moulin (1752-1810) ersetzen de La Révellière-Lépeaux an de Merlin de Douai, déi zur Demissioun gezwonge goufen.
[Änneren] D'"Incroyables" an d'"Merveilleuses"
D'Gesellschaft vum Directoire huet sech op den Divertissement gestierzt. Nodeems d'Terreur eriwwer war, an d'Guillotine demontéiert, wollt all Mënsch Spaass hunn. Villäicht war ët d'Gefill, eng verlueren Zäit nees opzehuelen. D'Fraen hu sech der Moud vun der "Antiquomanie" higinn: Räck am Stil vun Diana a Flora, duerchsichteg Stoffer, grouss Décolletéën. Gedroë goufe virun allem Stoffer wéi Gaze, déi näischt vun de Forme verstoppt hunn. D'Ausstellung fir d'Industrieprodukter, déi 1798 organiséiert gouf, war Zeie vun dësem neie Goût fir de Luxus.
Och plakeg ronderëmlafe war Moud: no der Ära vun de Sans-culottes waren elo d'"Sans-chemises" modern ! Mee de grousse Luxus vun dëse Merveilleuses - sou goufen d'Schéinheete vun dëser Zäit genannt - waren d'Parécken. Ët gouf der vir all Stonn vum Dag: blond, schwaarz, blo, gréng …
D'Kavaléier vun dëse Fraleit goufen Incroyables, oder nach éischter Incoyables, genannt. Ët war elegant den "R" ewechzeloossen (den R vu Revolutioun, vu Roi a vun Terreur). Hir Kleedung war exzentresch: grouss Krawatten, breed Boxen ... .
Dës Jugend, déi Suen ausginn huet, ouni u muer ze denken, huet sech zu Paräis op alle Plaze getraff, déi modern waren: Theateren, dem Tivoli oder Frascati oder an der Gallerie vum Palais-Royal. Ët gouf vill gedanzt an ët gouf ëmmer e Bal organiséiert, wou ee konnt hi goen. Zu de renomméierste « Merveilleuses » hunn d'Mlle Lange, Mme Tallien, Mme Récamier, d'Joséphine de Beauharnais an d'Fortunée Hamelin gezielt. Hire Beschützer, de Barras, war e wichtege Personnage mat deem ee sech am Beschte gutt gehalen huet. Hien huet och selwer grouss luxuriéis Fester ginn. D'Moral gouf net wierklech grouss geschriwwen, ët gouf sech bestued, fir sech scheeden ze loossen, an nees nei ze bestueden.
[Änneren] Literatur zum Thema
- De Prosper Brugière de Barante (1855) an den Adolphe Granier de Cassagnac (1863) hunn eng Histoire du Directoire geschriwwen.
- Marie-Nicolas Bouillet an Alexis Chassang (Ersg.), Dictionnaire universel d'histoire et de géographie, 1878.
- Martyn Lyons, France Under the Directory, Cambridge University Press, Cambridge, 1975.
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Moud vum Directoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (fr) Konstitutioun vum Directoire op de Säit vum Conseil constitutionnel
- (fr) Presidente vum Directoire exécutif de la République française
- (fr) Membere vum Directoire exécutif de la République française
- (fr) Ausstellung Au Temps des Merveilleuses am Musée Carnavalet zu Paräis
Generell Informatiounen: Ursaachen · Deklaratioun vun de Mënscherechter · Marseillaise · Republikanesche Kalenner
Evenementer: Stuerm op d'Bastille · Assemblée constituante (1789) · Assemblée législative (1791-92) · Commune vu Paräis (1792) · Koalitiounskricher · Opstand vun der Vendée (1793, 1796) · Convention nationale · Terreur · Directoire · Consulat
Persounen: Affer vun der Guillotine · Jakobiner · Montagnards · Sans-culottes · Danton · Marat · Mirabeau · Robespierre
Séier fannen: Chronologie · Glossaire · Lëschten · Bibliographie