La Roche-en-Ardenne
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
La Roche-en-Ardenne ass eng Belsch Stad a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg.
Den 1. Januar 2005 hunn do 4.201 Awunner gelieft. La Roche huet eng Surface vun 145,63 km², wat eng Bevëlkerungsdicht vun 28,48 Awunner op de km² mécht. An der Gemeng leien och d'Uertschafte Beausaint, Samrée, Ortho, Hives an Halleux.
La Roche-en-Ardenne läit un der Ourthe, an den Ardennen, a gëtt gär vun Touriste besicht, déi dohinner komme fir ze trëppelen oder mam Kayak ze fueren.
[Änneren] Geschicht
D'Géigend vu La Roche war schonn an der Jonksteenzäit bewunnt. An der Réimerzäit stung hei e Fort. D'Buerg gouf tëscht dem 9. an dem 18. Joerhonnert gebaut. An der Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich goufe grouss Deeler vun der Stad zerstéiert.
[Änneren] Um Spaweck
Arel - Baaschtnech - Bouillon - Chiny - Durbuy - Florenville
Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Marche-en-Famenne - Neufchâteau - Saint-Hubert - Virton
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Etalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maarteleng - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin