Tintigny
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Tintigny ass den Numm vun enger Uertschaft a Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Aner Uertschaften an där Gemeng si Rossignol, Bellefontaine, Saint-Vincent, Breuvanne, Lahage, Ansart, Poncelle an Han. Op enger Fläch vun 82,24 km² hunn den 1. Juli 2005 3.623 Awunner gelieft.
[Änneren] Geschichtleches
Tintigny gouf et warscheinlech schonn zu der Réimerzäit. 1097 ass et eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt ginn. Seng Geschicht ass enk verbonne mat däer vun der Grofschft Chiny an der Herrschaft vu Villemont. 1823 gouf Tintigny Gemeng. D'Duerf Tintigny gouf den 22. August 1914 zu dräi Véierel vun Däitschen Truppen ofgebrannt an 93 Awunner doutgermaach, well se fälschlecherweis beschëllegt goufen Francs-tireuren ze sinn.
[Änneren] Um Spaweck
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Etalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maarteleng - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin