Meix-devant-Virton
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Meix-devant-Virton ass den Numm vun enger Uertschaft an enger Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg.
Den 1. Juli 2005 hunn hei 2.685 Awunner op enger Fläch vu 5 419 ha gelieft. 2 590 ha si Bësch. D'Gemeng läit an der la Gaume, am belsche Loutrengen, un der franséischer Grenz.
Aner Uertschafte si Gérouville, Houdrigny, Limes (a La Soye), Robelmont, Sommethonne a Villers-la-Loue.
[Änneren] Geschicht
1636 gouf Meix vu kroateschen Truppen ze soe komplett ausgeläscht, nodeems de Kapitän vun dëser Arméi hannerécks bei der Uertschaft erschoss gouf. Als Revanche goufen all bis op 2 Haiser zerstéiert; d'Bevëlkerung an der Kierch zesummegedriwwen, an d'Kierch ugestach. Just e puer Awunner kunnten entkommen, 567 sinn der verbrannt.
[Änneren] Um Spaweck
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Etalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maarteleng - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin