Lied
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Lied ass eng kuerz Kompositioun fir eng Stëmm, déi vun engem Piano oder engem Intrumentalensemble begleet gëtt, op en Text an däitscher Sprooch. De franséische Pendant vun deem Genre Musek gëtt Mélodie genannt. Mee et ass, wéi d'däitsch Origine vum Wuert Lied et schonn undeit, virun allem an Däitschland an Éisträich wou d'Lied en onvergläichlechen Erfolleg hat.
Bekannte Kompositeure vu Lieder sinn ë.a.: Franz Schubert, Robert Schumann, Hugo Wolf, Richard Strauss, Gustav Mahler, Arnold Schönberg, ...