Léif'frächen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Léif'frächen, och Notre-Dame des Mineurs, ass eng Wallfahrtsplaz zu Keel, um Bromeschbierg, nieft dem Monument National des Mineurs. D'Pastoralregioun Süden pilgert de Sonndeg nom 15. September dohinn.
[Änneren] Wéi et dozou koum
An enger Keeler Chronik vun 1872 vum deemolege Paschtouer Jean-Pierre Toussaint gëtt verzielt, datt am Joer 1753 den Aarbechter Peping beim Schneide vun Ënnerholz um Keeler Bierg eng Holzstatu vun der Muttergottes an den Äscht vun engem Bam fonnt hätt. Doropshin huet hie mat sengem Jong eng kleng Nisch an e Fiels gehaen, fir d'Statu dranzestellen. Geschwënn hunn d'Leit ugefaangen, dohinner ze pilgeren.
Den 19. Mee 1901 ass d'Statu mat hirem Daach driwwer verbrannt. Eng aus Terracotta koum an d'Plaz, déi zu Tréier gemaach gouf, mee si huet d'Wieder net verdroen. Sou gouf se 1915 duerch eng aus Steen ersat. An den 1930er Joren gouf de Wee dohi méi breet gemaach, Reliefbiller goufe nieft d'Statu opgestallt an e klenge Park ronderëm ugeluecht. 1937 gouf d'stenge Statu nees duerch eng hëlzen ersat.
[Änneren] "Muttergottes-Erscheinungen" vun 1947
1947 huet sech tëscht Allerhellgen a Chrëschtdag allerhand "Spezielles" ronderëm d'Léif'frächen ofgespillt. Dräi Kanner, en 10 Joer ale Bouf, e Meedchen vun 12 Joer aus senger Famill an e Meedche vun 11 Joer aus der Gégend sollen zu widerhuelte Kéieren der Muttergottes begéint sinn.
Dat Ganzt huet natierlech ganz groussen Androck gemaach, an d'Leit koumen aus allen Himmelsrichtungen fir "mat eegenen Aen" déi Kanner ze gesinn.
De René Urbany, e Journalist vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek huet dee ganze Spektakel awer mat rationalen Argumenter kritesch hannerfrot, an domatter eventuell Pläng, aus Keel en zweet Lourdes ze maachen, am Sand verlafe gelooss.
[Änneren] Fir ze liesen
- Urbany, René: "Dem Här an de Frack gegraff" - Mit spitzer Feder gegen Obskurantismus, Heuchelei und Unverstand, Coopérative Ouvrière de Presse et d'Editions, Lëtzebuerg 1987, S. 159 - S.188
Pilgerplazen zur Muttergottes Maria | |||
Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Wolz - Léif'frächen - Giischterklaus | ||
Belsch : | Banneux - Beauraing | ||
Frankräich | Lourdes - Lisieux - Avioth | ||
International : | Fátima - Einsiedeln - Montserrat |