Matthias Ettrich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Matthias Ettrich (gebuer de 14. Juni 1972 zu Bietigheim an Däitschland) ass en däitschen Informatiker a Grënner vum KDE-Projet.
Zënter 1995 ass de Matthias Ettrich Autor vum LyX-Projet, e grafesche Frontend fir TeX, deen hien als Student an enger Universitéitsaarbecht an d'Liewe geruff huet. Well LyX haaptsächlech fir Linux geduecht war, war hien op der Sich fir de Linux Desktop ze vereinfachen. 1996 huet hien du schliisslech KDE, eng fräi grafesch Benotzeruewerfläch fir Unix am Usenet an Ugrëff geholl, déi op dem Qt GUI Toolkit baséiert.
Hien huet um Wihelm-Schickard Institut fir Informatik op der Eberhard-Karls Universitéit zu Tübingen studéiert a schafft momentan bei Trolltech un der Weiderentwécklung vu Qt, der Toolkitbasis vu KDE.