New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Linux - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Linux

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Linux Maskottchen Tux
D'Linux Maskottchen Tux

Linux bezeechent am strenge Sënn, nëmmen de Linux-Kernel. Allerdéngs gëllt de Begrëff normalerweis och fir dat ganzt fräit Betribsystem.

Vun der Free Software Foundation a vu ville Puriste gëtt Linux och dacks GNU/Linux genannt, well Linux esouwuel op dem Linux Kernel wéi och op de GNU-Tools opbaut. Publizéiert gëtt de Linux Kernel wéi och déi Toolen ënnert der GNU GPL.

Linux als Betribssystem besteet aus e puer Deeler oder Programmen, déi vu Software-Entwéckler aus der ganzer Welt programmeiert a weiderentwéckelt ginn. Linux gëtt gewéinlech als sougenannte Linux-Distributioun ugebueden oder esouguer verkaaft. Debian, Suse, Red Hat, Gentoo a Slackware sinn, fir just e puer Beispiller ze nennen, wäit entwéckelt Distributiounen.

D'bal mei bekannte Maskottche vun der Linux-Gesellschaft ass de Pinguin Tux. Linux selwer ass e Markennumm, deen dem Linus Torvalds gehéiert.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

De finneschen Universitéitstudent Linus Torvalds hat de Linux Kernel ursprénglech als Hobby geschriwwe während en op der Universitéit Helsinki studéiert huet. Den Torvalds hat am Ufank Minix op sengem Computer benotzt, ee vereinfachte Kernel dee vum Andrew Tanenbaum geschriwwe gi war fir Betribsystemdesign ze enseignéieren. Leider huet den Tanenbaum awer keng Extensioune fir säi Betribssystem ënnerstëtzt, wat den Torvalds derzou bruecht huet een Ersatz fir de Minix ze schreiwen. Obschonns datt am Ufank ee Minix System néideg war fir Linux ze installéieren an ze starten huet de Linux de Minix ganz séier iwwerholl wat d'Funktionalitéit ubelaangt.

Déi éischt Linux Versioun ass am September 1991 op den Internet gesat ginn, a kuerz drop, am Oktober, ass eng zweet Versioun nokomm (Kuckt heizou och [1]). Zënter dem Moment hunn dausende vun Developpeure rondrëm d'Welt beim Projet matgemaach. Dem Eric S. Raymond säin Essay The Cathedral and the Bazaar diskutéiert iwwert den Developementsmodèle vum Linux Kernel a vun ähnlecher Software.

D'Geschicht vum Linuxkernel ass enk mat där vum GNU verbonnen, ee bekannte fräie Software Projet dee vum Richard Stallman geleet gëtt. De GNU Projet ass 1983 gestart ginn fir ee komplette Unix-ähnleche Betribssystem, mat Entwécklertools an Endbenotzerapplikatiounsprogrammer ze entwéckelen, dee ganz aus fräier Software besteet. Wéi déi éischt Release vum Linux Kernel rauskomm ass, hat de GNU Projet schonn all néideg Komponente fir dee System produzéiert, ausser ebe just de Kernel. Den Torvalds an aner fréi Linux-Entwéckler hunn hire Kernel esou gestalt datt e mat de GNU Komponenten a User-space Programmer zesummeschaffe konnt fir e voll funktiounsfäege Betribssystem ze sinn. De Linux Kernel a Betribssystem sinn ënnert der GNU General Public License (GPL) lizenzéiert, déi verlaangt datt all Quellcodeännerungen an derivéiert Aarbechten och ënnert der GPL musse lizenséiert ginn. Déi Method gëtt normalerweis als eng "deelt, an deelt mat" Lizenz bezeechent. Am Joer 1997 huet Linus Torvalds gesot datt "de Linux ënnert d'GPL ze setzen definitiv dat bescht war wat ech je gemaach hunn" (liest heizou och [2]).

De Linus Torvalds
De Linus Torvalds

Den Numm "Linux" ass net vum Torvalds selwer rausgesicht ginn, mee vum Ari Lemmke, Administrateur vum ftp.funet.fi, deen den FTP Directory vun deem de Linux fir d'éischt disponibel war benannt huet ([3]). D'geschützte Mark Linux (SN: 1916230) gehéiert dem Linus Torvalds, an ass régistréiert fir "Computerbetribssystemer fir Computerbenotzung an -operatioun ze vereinfachen." D'Lizenzéierung vun der geschützter Mark gëtt elo vum Linux Mark Institute geréiert.

[Änneren] Wouhier kënnt den Numm Linux ?

Dem Linus Torvalds no sollt d'Betribssystem eigentlech Freax heeschen, zesummegesat aus dem englesche Wuert Freak an dem X um Schluss vun Unix.

Wéi de Linus ugefaangen huet u sengem Minix-Clonen ze schaffen, huet en am Ufank d'Dateien ënnert dem Numm Freax op dem FTP-Server vu senger Uni (Helsinki a Finnland) ofgeluet. Den Numm Freax huet dem Administrateur vun deem Server awer net gefall, an heen huet dann och déi ganz Saachen an den neien Dossier Linux gesat. Fir e groussen Opstand ze vermeiden, a sécherlech och well em déi néideg Fantasie gefeelt huet fir e besseren Numm ze fannen, huet den Torvalds näischt gesot, an déi nei Situatioun akzeptéiert.

[Änneren] Den Tux

Den Tux ass 1996 vum Larry Ewing gemoolt ginn. D'Iddi datt d'Linuxmaskottchen ausgerechent ee Pinguin soll sinn koum vum Linus Torvalds selwer, dem Schöpfer vum Linux.

Verschidde Leit behaapten den Numm kéim vun Torvalds UniX, een Numm dee vum James Hughes virgeschloe ginn ass. Mee am allgemenge gëtt ugeholl, datt den Numm vun tuxedo kënnt, Englesch fir Frack (de Pinguin kuckt jo esou aus wéi wann hien ee Frack unhätt).

Den Tux ass fir ee Linux Logo's Concours gemoolt ginn. Biller vun anere Propositioune kënnen um fonnt ginn. De Gewënner ass vum Larry Ewing mam Gimp gemoolt ginn. De Gimp ass ee fräie Molprogramm. De Larry Ewing huet de Pinguin der Communautéit mat folgende Conditiounen zur Verfügung gestallt:

D'Erlaabnis fir d'Bild ze benotzen an/oder et ze änneren ass ginn ënner der Conditioun datt der mech an de GIMP als Auteur unerkennt, wann ee freet.

Den Torvalds huet no eppes Witzeges a Sympathesches gesicht wat ee mat Linux associéiere kann, an ee liicht décke Pinguin, dee sech no enger gudder Moolzecht liddreg dohinner sëtzt huet perfekt gepasst!

Den Tux ass een Ikon fir d'Linux an d'Open Source Communautéit ginn, an et huet esouguer ee britesche Linux User Group ee Pinguin vum Bristol Zoo adoptéiert. De Pinguin ass vill méi bekannt wéi säi grousse Frënd, de GNU, ee friddlecht a scheit Gnu deen de GNU Projet representéiert.

Den Tux ass oft verschidden ugedoen duergestallt, je no Kontext; zum Beispill, wann hie fir de PaX Sécherheetsalgorithmus steet huet hien een Helm un, a fuchtelt mat enger Aaxt an engem Schëld rondrëm, a seng Ae si rout.

Tux ass och den Haaptacteur vun engem Linux Spill wat Tux Racer genannt gëtt, an deem de Spiller den Tux iwwert eng Rei veräisten Hiwwele rofsteiert, op sengem Bauch, an deem e probéiert Hierken ze frupsen, an d'Zäitlimit ze klappen. Den Tux ass och eng Figur vum Web comic User Friendly.

A verschiddenen Linux Distributioune seet den Tux dem Utilisateur moie während dem booten, a Multiprozessersystemer weise souvill Tuxe wéi Prozessoren do sinn.

TUX ass och den Numm vun engem Web Server deen am Linux Kernel leeft, dee capabel ass statesch Websäite fir méi séier ze zerwéiere wéi traditionell Servere wéi den Apache HTTP Server. Dës Software gëtt vu Red Hat ënnerhalen.

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu