Maximilien de Robespierre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Maximilien de Robespierre, gebuer de 6. Mee 1758 zu Arras a gestuerwen den 28. Juli 1794 zu Paräis, war e franséische Revoilutionär.
De Maximilien de Robespierre ass aus aarme Verhältnisser komm an huet duerch e Stipendium konnten Droit studéieren an ass Affekot ginn. De Robespierre huet seng Heemechtsstad Arras bei de Generalstänn als Deputéierte vum drëtte Stand vertrueden.
No dem Ufank vun der Revolutioun huet de Robespierre sech op dem radikale lénke Bord ervirgedoen an hien huet eng kompromësslos Demokratiséierung gefuerdert. De Robespierre gouf Member vun de Jakobiner a Leaader vun de Montagnards. Hien huet fir d'Exekutioun vum Louis XVI. a vum Georges Jacques Danton gesuergt. Vu 1793 u stoung hien un der Spëtzt vum Terrorregime vun de Jakobiner.
Mee amplaz vun der vun him gepriedegter neier Moral, Dugend a Vernonft huet geschwë fanateschen Terror geherrscht, dem hie selwer zum Affer gefall ass. Seng fréier Unhänger hun hien op d'Guillotine bruecht.