New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Georges Jacques Danton - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Georges Jacques Danton

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Georges-Jacques Danton

De Georges Jacques Danton, gebuer den 26. Oktober 1759 zu Arcis-sur-Aube (Aube), a gestuerwen de 16. Germinal Joer II zu Paräis, war e franséische Revolutionär.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Säi Liewen

[Änneren] Virun der Revolutioun

De Georges Jacques Danton ass de 26. Oktober 1759 zu Arcis-sur-Aube op d'Welt komm ; hie war de Jong vum Jacques Danton (1722-1762) a vun der Marie-Madeleine Camus (1730-1761). Hie koum als Kand bei eng Nourrice, wou en Accident mat engem Stéier him eng Deformatioun vun de Lëpsen an der Nues abruecht huet. Seng Studien huet hien am Klenge Seminaire vun Troyes ugefaangen, spéider bei den Oratorier an der selwechter Stad, mee huet eng geeschtlech Carrière refuséiert.

1780 koum hien op Paräis, a ganz an der Traditioun vu senger Famill (Grousspapp Geriichtsvollzéier, Papp Affekot) huet hien Droitsstudien ugefaangen, a bei engem Affekot geschafft.

Hien ass fir sechs Méint op Reims weiderstudéiere gaangen, an huet seng Licence kritt. Obschonns hien zu Paräis ageschriwwe war, war hien net oft am Geriicht ze gesinn, an huet sech léiwer an de Caféën opgehalen. Hei huet hien, nierwt ville spéidere Revolutionären, och seng Fra, d'Antoinette-Gabrielle Charpentier (1760-1793), kennegeléiert. Si war d'Duechter vun engem räiche Proprietär vu Caféën, dem Jérôme-François Charpentier. D'Aussteier huet him erlaabt, d'Charge vum Avocat au conseil du Roi am Joer 1787 ze kafen. Bestued goufen déi zwee de 14. Juni 1787. Si hate véier Kanner vun denen awer nëmmen zwee iwwerlieft hunn: den Antoine Danton an de François-Georges Danton.

[Änneren] D'Revolutioun

[Änneren] Éischt Optrëtter op der politescher Bühn an Opstig zur Muecht

Statu vum Danton vum Auguste Paris, um Carrefour de l'Odéon zu Paräis
Statu vum Danton vum Auguste Paris, um Carrefour de l'Odéon zu Paräis

Iwwerrascht vun den Evenementer vu 1789 an an der net evidenter Positioun vun engem Affekot, huet den Danton net un der Assemblée constituante deelgeholl, a seng Aktivitéit éischter op klenge Versammlunge wéi de Clibb an op Distriktsversammlunge beschränkt. Hie gouf zum President vum Cordeliers-Distrikt gewielt (am Quartier vun der École de Médecine), deen zum Club des Cordeliers gouf, wéi d'Distrikter ofgeschaf goufen. Hie konnt d'Leit esou begeeschteren an hirt Vertraue gewannen, datt hien ëmmer nees gewielt gouf, an d'Zeitunge scho behaapt hunn, datt d'Cordeliers un hie verkaf wären.
Onschonns hien net dee Schéinste war, hat den Danton en zolitte Charisma.

Als President vum Distrikt vun de Cordeliers, wat den aktivsten an am meeschte revolutionären Distrikt vu Paräis war, war den Danton zënter dem Ufank vun der Constituante bei allen Opstänn an der Haaptstad derbäi. Hien huet un alle populäre Mouvementer deelgeholl, ënner anerem un dene vum 5. a 6. Oktober; zu dëser Zäit huet hie sech och mam Mirabeau zesummegedo, deen zu der "Partei" vum Herzog vun Orléans gezielt huet, an deen de Mirabeau gären als Régent gesinn hätt.

Hie gouf esou séier beléift, datt hie sech zënter Juli 1790 als Kandidat fir d'Plaz vum Buergermeeschter vu Paräis géint de Bailly gestallt huet. Hie konnt zwar net gewannen, mee sechs Méint drop, wéi d'Administratioun vum Departement vu Paräis organiséiert gouf, gouf hien zum Member gewielt, a krut eng gutt bezuelte Plaz. Dat ass dem Danton awer net duergaangen, a well zu dëser Zäit kee méi vun den Orléans geschwat huet, huet hie sech mam Haff agelooss. Hie konnt dat ëmsou besser maachen, well d'Patrioten zu dëser Zäit am Sträit mat de Konstitutionelle loungen, déi vu Bailly a Lafayette geleed goufen. Seng Charge vum Avocat au Conseil du Roi, déi 10.000 Livres wäert war, gouf him fir 100.000 Livres ofkaf.

Vun dësem Moment un bis zum Stuerz vun der Monarchie huet den Danton duerch Fonge vum Ausserministär vill Suë gemaach. Well hien awer och ëmmer géint d'Konstitutionell virgaangen ass, konnt hien d'Vertraue vun de Patriote behalen.

Den 21. Juni 1791, den Dag wou de Kinnek op Varennes geflücht ass, huet hie bei senger Séance vu Jakobiner de Lafayette béis attackéiert. Hie wosst, datt de Lafayette iwwert säi Geschäft mam Haff bescheed wosst, mee zu gläicher Zäit näischt dogéint kéint soen, ouni den Ausseminister ze verléieren. An dësem Moment huet den Danton, dee méi wéi e geheimen Agent wollt sinn, um Stuerz vun der Monarchie geschafft, déi hie bezuelt huet. D'Republikaner, déi sech forméiert hunn als Reaktioun op dem Kinnek seng Flucht, hunn hien als ee vun hiren aktivste Memberen opgeholl. Hie wor ee vun den Haaptstëppeler fir d'populär Mouvementer vun dëser Zäit, an ee vun den Akteure vun der Petitioun fir de Kinnek ofzesetzen, déi um Champ-de-Mars ënnerschriwwe gouf.

D'Konstitutionell hu beschloss, datt eng Terreur noutwänneg wär, wat zu engem bluddegen Zesummentreffe vu Vollek a Garde nationale gefouert huet. Den Danton war an der Tëschenzäit op d'Land gezunn, fir datt him näischt géif geschéien. Hie gouf an de folgenden Deeg zwar juristesch verfollegt, mee dës Plainte goufe fale gelooss, wéi d'Constituante d'Amnistie gestëmmt huet.

Onschonns d'Konstitutionell no den Evenementer vum Champ-de-Mars am Ufank d'Nues vir haten, sinn d'Revolutionär mat nach méi Kraaft zeréckkomm. Den Danton stoung un hirer Spëtzt, an dat obschonns hien sech nach de Freide virum 10. August vum Haff mat 50.000 Écu bezuele gelooss huet. Hie war awer ee vun deenen déi am meeschten op dësen Dag higeschafft hunn, an, nom Stuerz vun der Monarchie d'Muecht an d'Hänn vun de Cheffe vum Mouvement geluegt huet. Hie gouf vun der Assemblée législative den 10. August selwer zum Justizminister ernannt.

[Änneren] D'Muecht an d'Popularitéit

Statü vum Danton zu Tarbes vum Edmond Desca
Statü vum Danton zu Tarbes vum Edmond Desca

Hei fänkt eng nei Epoch am Liewe vum Danton unn.

Hie war Member vum Gouvernement a komplett onofhängeg, finanziell duerch d'Suen déi him seng Plaz abruecht huet an duerch de Stuerz vun denen, déi hie bezuelt haten. Hien hat d'Vertraue vum Vollek an eng revolutionär Muecht déi scho bal diktaktoresch war, nodeems d'regulär Muecht komplett desorganiséeiert war.

Duerch d'Septembermassakere war den Danton awer nëmme vum 10. August bis zum 21. September 1792 Minister. Hien huet ni kloer Positioun zu dëse Massakere bezunn.

Den 2. September 1792, wéi d'Massakeren ugefaangen hunn, huet hien eng Ried virun der Assemblée législative gehalen, déi mat der Formel, déi an d'Geschicht agaangen ass, opgehalen huet : « de l'audace, encore de l'audace, toujours de l'audace ».

Hie war en Deputéierte vun de Montagnards vun der Convention nationale, un der Säit vu Robespierre, Saint-Just a Marat. Hien huet versicht d'Montagne an d'Gironde nees zesummenzeféieren, mee, nodeems hien Deputéierte vun der Gironde erwëscht huet, wéi si säi Büro duerchwullt hunn, huet hien de Kapp vum Jacques-Pierre Brissot gefuerdert, a war averstanen, d'Girondins festzehuelen.

Vum 6. Abrëll bis zum 10. Juli 1793 huet hien de Comité de salut public geleed, mee hie gouf als ze moderéiert ugesinn, wat d'Hiriichtungen ugaangen ass, gouf aus dem Comité eliminéiert an duerch de Maximilien de Robespierre ersat.

[Änneren] D'Indulgents an d'Enn vum Danton

Hien ass zeréck a seng Gebuertsstad, Arcis-sur-Aube, gaangen, an d'Landhaus vu senger Mamm. An der Tëschenzäit huet hie sech mat der Louise Sébastienne Gély bestued, mam Sege vum Abt vu Keravenant.

Am Hierscht 1793 huet hie sech nees op der politescher Bühn gewisen, nodeems seng Frënn nom Skandal vun der Liquidatioun vun der Compagnie des Indes festgeholl gi waren, dorënner ënner anerem de Fabre d'Églantine. Hie wollt Fridde mat de koaliséierte Monarchië schléissen, an huet d'Enn vum revolutionäre Gouvernement an der Terreur gefuerdert, och wann hie selwer dru bedeelegt war, dat ganzt op d'Been ze stellen.
Hien huet sech mat anere moderéierte Politiker zesumme gedo, den Indulgents, an huet eng duebel Campagne géint d'Enragés an d'Hébertiste gefouert, wou hien ufanks vum Robespierre ënnerstëtzt gouf, a géint de revolutionäre Gouvernement.

No der Hiriichtung vun den Hébertisten hunn d'Comitéën vum Salut public a vun der Sûreté générale beschloss hien a verschidde Membere vu sengem Grupp festzehuelen. Him gouf vum Revolutiounsgeriicht vum 13. bis 16. Germinal Joer II de Prozess gemaach, zesumme mat senge Frënn vum Skandal vun der Compagnie des Indes — déi hien "anscheinend net kannt huet" — an nierwebäi beschëllegt, de Generol Dumouriez gedeckt ze hunn. Hien huet haart op seng Onschold higewisen :

Ma voix, qui tant de fois s'est fait entendre pour la cause du peuple, pour appuyer et défendre ses intérêts, n'aura pas de peine à repousser la calomnie. Les lâches qui me calomnient oseraient-ils m'attaquer en face ? Qu'ils se montrent, et bientôt je les couvrirai eux-mêmes de l’ignominie, de l'opprobre qui les caractérisent ! Je l'ai dit, et je le répète : mon domicile est bientôt dans, le néant, et mon nom au Panthéon ! […] Ma tête est là ; elle répond de tout ! […] La vie m'est à charge, il me tarde d'en être délivré ![1]

Hie gouf vum Revolutiounsgeriicht zum Doud veruerteelt, an zesumme mam Camille Desmoulins, de 16. Germinal Joer II duerch d'Guillotine higeriicht.

[Änneren] Representatiounen

  • Dantons Tod, Drama a véier Akte vum Georg Büchner, 1835.
  • Danton, franséische Film vum Andrzej Wajda aus dem Joer 1982, mam Gérard Depardieu an der Haaptroll.
  • La Mort du Révolutionnaire, Theaterstéck vum Patrick Lacombe, 2006.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Alphonse Aulard, Danton, Picard-Bernheim, Paräis, 1887.
  • Frédéric Bluche, Danton, Perrin, Paräis, 1984.
  • Jean Bruhat, Le Procès et la mort de Danton, Comte-Jacquet, Bar-le-Duc, 1939.
  • Antonin Dubost, Danton ou le consensus républicain, Barre & Dayez, Paräis, 1989. (ISBN 2-902484-19-4)
  • Antonin Dubost, Danton et les massacres de septembre, Charavey, Paräis, 1885.
  • André Fribourg, Discours de Danton, E. Cornély, Paräis, 1910.
  • Louis Madelin, Danton, Hachette, Paräis, 1924.
  • Karl Alexander von Müller, Danton - Ein historischer Essay, Deutsche Verlags Anstalt, Stuttgart, 1949.
  • Léon Pagès, Danton : le règne de la justice et des lois en 1792, Dumoulin, Paräis, 1880.
  • Denis Peschanski, Danton dans l'historiographie française de la 1ère moitié du XIXe siècle (1800-1847), Maîtrise aus dem Joer 1975, Universitéit Paris I.
  • André Stil, Quand Robespierre et Danton inventaient la France, B. Grasset, Paräis, 1988.
  • Auguste Vermorel, Oeuvres de Danton, A. Faure, Paräis, 1867.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • Prozess vum Danton an den Dantonisten
  • Hiriichtung vum Danton an den Dantonisten

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Georges Jacques Danton – Biller, Videoen oder Audiodateien


Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu