Metis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der griichescher Gëttin Metis. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Metis (Homonymie). |
An der griichescher Mythologie war d'Metis (gr.: Μῆτις / Mễtis - den intelligente Rot) eng Okeanidin an Duechter vum Okeanos an der Tethys.
Dem Pseudo-Apollodorus no1 war si ët, déi dem Zeus de Rot ginn huet, dem Kronos eng Emesis ze ginn, fir datt dëse seng Gesëschter nees erausspäitzt, déi hie giess hat.
Doropshi gouf d'Metis déi éischte Fra vum Zeus2, obschonns si sech dauernd verwandelt huet, fir vun him dervun ze kommen. Wéi si schwanger ginn ass, huet en Orakel vun der Gaia (der Äerd) hir gesot, datt d'Kand e Meedche wir a wann d'Metis nach eng Kéier schwanger géif ginn, géif si e Jong kréien, deen den Zeus genee sou vum Troun stousse géif, wéi den Zeus ët mam Kronos, an de Kronos ët mam Uranos (dem Himmel) gemaach hat.
Fir ze verhënneren, datt d'Prophezeiung Wierklechkeet géif ginn, huet den Zeus d'Metis giess, an domadder och hir Wäisheet an Intelligenz a sech opgeholl. Dëst wor d'Enn vun der Metis, mee den Zeus huet weiderhi behaapt, si géif him Rotschlei "aus dem Bauch eraus" ginn.
D'Kand mat deem d'Metis schwanger war, ass awer trotzdem op d'Welt komm. Dëst ass de Mythos vun der Gebuert vun der Athene, déi aus dem Zeus sengem Kapp gesprongen ass.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Karl Kerényi, Die Mythologie der Griechen - Die Götter- und Menschheitsgeschichten, dtv. (ISBN 3-423-30030-2)
- Norman O. Brown, "The Birth of Athena" in Transactions and Proceedings of the American Philological Association 83 (1952), S. 130–143.
- Hesiod, Theogonie [Um Spaweck liesen].
- Galenos, Péri tôn Ippocratous kai Platônos dogmatôn (III, 273).
[Änneren] Notizen a Referenzen
1: Pseudo-Apollodorus, Bibliotheca (I, 2, 1 ; I, 3, 6).
2: Hesiod, Theogonie (896).
[Änneren] Um Spaweck
- (en) Texter iwwer d'Metis
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |