Uranos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Uranos (am laténgeschen Uranus) war d'Personifikatioun vum Himmel an ass ee vun deenen eelste griichesche Gëtter. Hien ass vun der Gaia gebuer ginn, mee ass spéider och als hire Mann duergestallt ginn. Zu senge Kanner zielen d'Titanen, d'Kyklopen, d'Hekatoncheires, d'Giganten an anerer.
Well hien op séng Kanner jalous war, an der vill vun hinnen an den Tartaros verbannt hat, huet d'Gaia hire Jong, de Kronos (ee vun den Titanen) dozou ugestiwwelt, säi Papp ze stierzen.
[Änneren] Kuckt och
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |