Wikipedia:Modeller/Textbausteng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Textbausteng sinn automatesch Messagen, déi eemol kreéiert goufen, awer villsäiteg anzesetze sinn. Si ginn ëmmer tëscht {{}} geschriwwen, an et ass net egal wou se higesat ginn. Do wou der se hischreift, gesäit ee se och, dofir setzt dës Hiweisschëlder ëmmer gutt sichtbar un den Ufank vun engem Artikel, nach virun deen éischte Saz.
- {{Skizz}} : Wann der een Artikel ufänke wëllt, mee op d'Hëllef vun aneren ugewise sidd, fir e schéi vollstänneg ze kréien.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
- {{EnCours}} : Wann der un engem Artikel schreift an net wëllt gestéiert ginn. Wann een desen Textbausteen benotzt, dann am beschten esou: {{EnCours|~~~}}, dann get de Lien zum Benotzer, deen um Artikel schafft, automatesch dra gesaat.
- {{spoilers}}: Fir Lieser ze warnen datt der eventuell méi verrot wéi hinne léif ass.
- {{Homonymie}} : Dëst betrëfft Säiten, déi d'selwecht gingen heeschen, als Beispill Europa: Dat ass e Kontinent mee ower och eng Figur aus der griichescher Mythologie.
Op dëser Säit fannt dir eng Partie Artikelen, déi all deeselwechte Numm hunn, an dofir ausernee gehal musse ginn, sief et bei Persounen duerch Derbäisetze vu Liewensdaten, oder bei Länner a Stied duerch den Zousaz (Land) oder (Stad). Fir méi Informatioun, liest w.e.g. den Artikel iwwer Homonymie an der Wikipedia. |
- {{Medezin}} :
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mee ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter ! Besonnesch d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesaat ginn ! |
- {{Droit}} :
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn sinn déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net en compte geholl. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfachend Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
- {{NASA}} :
Dësen Artikel oder Bild beinhalt Material waat vun enger NASA Homepage staamt. All NASA Informatioun ass Domaine public. Kuckt d' NASA Copyright Policy fir méi Informatiounen. |
- {{Star Trek}} :
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Star Trek-Universum. All Personnagen, Plazen etc. si fiktiv Figuren aus dëser Fernsehserie oder aus de Star Trek-Filmer. |
- {{vChr}} : Da muss der et net ëmmer explizit bei all Datum schreiwen. Dat ka scho ganz praktesch si bei engem laangen Artikel.