Morphological Catalogue of Galaxies
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Morphological Catalogue of Galaxies (kuerz MCG) ass e Katalog vun 29.000 Galaxien nërdlech vun -30° Deklinatioun.
Den MCG gouf opgestallt op der Basis vu Fotoe vum Palomar Observatory Sky Survey (POSS). D'Quellebezeechnungen (z.B. MCG+15-01-001) setze sech aus der vum Äquator aus gerechenter Zonebezeechung vum POSS, dee mat der Rektaszensioun opsteigende Feldnummeren an enger fortlafender Nummer zesummen. Den MCG enthält Koordinaten, Hellegkeet, Gréisst souwéi Intensitéit vu banneescht a baussescht Galaxieberäicher souwéi Hiwäiser op méi al Galaxiekatalogen.
[Änneren] Quellen
B.A.Vorontsov-Velyaminov, A.A.Krasnogorskaja, V.P. Arkhipova, Moscow state university, Moscow, v. 1-4, 1962, 1963, 1964, 1968, Morphological catalogue of galaxies.