Munich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Munich |
Produktiounsland: | Malta, Däitschland, Israel, USA |
Produktiounsjoer: | 2005 |
Dauer: | 164 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Equipe | |
Regie: | Steven Spielberg |
Dréibuch: | Tony Kushner Eric Roth Charles Randolph |
Kamera: | Janusz Kaminski |
Musek: | John Williams |
Produzent: | Kathleen Kennedy Berry Mendel Steven Spielberg Colin Wilson |
Haaptacteuren | |
Eric Bana als Avner Geoffrey Rush als Ephraim Daniel Craig als Steve Hanns Zischler als Hans Mathieu Kassovitz als Robert Ciarán Hinds als Carl Mathieu Amalric als Louis Michael Lonsdale als dem Louis säi Papp Valeria Bruni-Tedeschi als Sylvie Hiam Abbass als Marie Claude Marie-Josée Croze als Jeanette Moritz Bleibtreu als Andreas |
Munich ass en US-amerikanesche Film vum Steven Spielberg aus dem Joer 2005.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Bäi den Olympesche Spiller 1972 zu München hunn arabesch Terroristen zwielef israelesch Sportler als Geisele geholl. Wéi déi däitsch Police um Fluchhafe vu Fürstenfeldbruck eng Beifreiungsaktioun starte wollt hunn d'Terroristen all d'Sportler massakréiert. Sou wäit déi bekannten historesch Fakten.
Elo fänkt d'Fiktioun an och den eigentleche Film un. Déi deemoleg israelesch Presidentin Golda Meir wëll d'Käpp vum Schwaarze September net ongestrooft devukomme loossen. Eng inoffiziell Mossad-Equipe gëtt zesummegesat mam Optrag 11 Masterminds z'eliminéiren. Deen op der internationaler Bühn nach onbekannte klengen Agent Avner soll d'Operatioun leeden. Den Avner huet näischt vum falsche Glamour vun engem James Bond: en ass bestuet, seng Fra erwoart an en huet Angscht ëm seng Famill.
Am Laf vum Film street de Spielberg ëmmer nees Zeenen a Gespréicher an, déi souwuel de Spectateur wéi och d'Protagoniste selwer zum Nodenke brénge sollen. Sou gëtt eng Parallel gezunn tëscht de Geheimagenten an den Terroristen (béid kämpfe fir eng Heemescht an hir Famill) an Zweifel kommen op um Sënn vun der Missioun (firwat Terroristeféirer liquidéiere wann an hir Plaz direkt neier kommen, déi nach méi grausam agéiren; Gewalt produzéiert Géigegewalt).
Dozou kënnt nach datt dem Avner seng Equipe schlussendlech selwer an d'Viséier vu Killer kënnt.
[Änneren] De Film an der Kritik
De Spielberg, deen u sech iwwer all Verdacht vun Antisemitismus steet, gouf fir dëse Film staark vun israelesche Kritiker attackéiert, well e versicht huet all Konturen tëscht Gutt a Béis ze verwëschen a ganz wäertfräi op d'Mënsche blécke wollt déi um Geschäft mam Doud bedeelegt sinn. Um Enn gesäit een dann och d'Skyline vu Manhattan, zu deer deemools nach de World Trade Center gehéiert huet - eng kloer Uspillung op den heitegen Ëmgank vun den USA mat Terroristen.
De Film gëtt awer trotz allem eng kleng Upak fir eng objektiv Wäertung, déi de Personnage vum Ephraim ausschwätzt: "Ech schneide mer jo och ëmmer erëm meng Fangerneel, obwuel ech weess datt se nees nowuessen." En plus ass den Ënnerscheed wuel ersichtlech: de Mossad schalt just geziilt eenzel Topleit vum Schwoarze September aus, während d'Terroriste meeschtens Onschëlleger a méiglechst groussen Zuelen an d'Viséier huelen.