Mystère vun Eleusis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Mystère vun Eleusis waren Initiatiouns- a Weiriten vum Demeter- a Persephonekult déi hieren Ursprong zu Eleusis am antike Griichenland haten. Dës Mystèren a Ritualer hu sech spéider och am réimesche Räich verbreet.
Déi déi un de Mystèrefeieren deel geholl hunn hu misse geheimhale wat do geschitt ass an domat zu engem exklusive Krees gehéiert. Si hu gegleeft doduerch un der gëttlecher Muecht deelzehuelen an am Liewe nom Doud dovun ze profitéieren. Trotz der Geheimhaltungsflicht konnt awer aus archäologeschen Ausgruewungen an iwwerliwwerten Texter den Oflaf bei de Feieren méi oder wéineger rekonstruéiert ginn.
D'Mystèren hunn aus enge sëlleche kultesche Virbereedungen, no deenen dann en Ëmzuch mat bis zu 3.000 Leit op der helleger Strooss vun Athen op Eleusis gezunn ass. Während dem Ëmzuch sin Szene gespillt ginn déi d'Geschichte vun der Demeter, der Persephone an dem Dionysos duergestallt hunn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Hannergrond
D'Mystère baséieren op enger Legend déi sech em d'Demeter, d'Gëttin vum Liewen an der Fruuchtbarkeet, dréit. Hier Duechter Persephone ass hier duerch den Hades, dem Gott vum Doud a vun der Ënnerwelt, entfouert ginn. Während d'Demeter no hier gesicht huet, huet si hier Flichte vernoléissegt. Alles op der Äerd ass gefruer an d'Mëschen hu gehongert; et war deen éischte Wanter. Um Enn huet si d'Persephone fonnt an et ass hier gelongen se mat ërem ze bréngen. D'Äerd huet ërem ugefaang ze liewen, et war dat éischt Fréijoer.
Während däer Zäit wou d'Persephone an der Ënnerwelt war, hat den Hades hier awer e Granatapel ginn, vun deem si e bësse Som giess huet, duerno konnt si ni méi fir ëmmer bei dei Lieweg zréck an huet misse fir en Drëttel vum Joër an der Ënnerwelt verbréngen. De Rescht vum Joer huet se bei hierer Mamm verbruecht. Sou sinn d'Joreszäiten entstan (d'Griichen hun den Hierscht als Joreszäit net kannt).
Mat de Mystèren vun Eleusis ass dem Persephone hiere Retour an d'Welt vun de Liewege gefeiert ginn, als de Fréijorsufank. Well si während hierem Openthalt an der Ënnerwelt Som giess huet, e Symbol vum Liewen, steet hier Reinkarnatioun symbolesch fir d'Reinkarnatioun vun allem planzleche Liewen am Fréijoer, an am allgemengen fir all d'Liewen op der Aërd.
Am Homer senger Hymn un d'Demeter war de Kinnek Keleos ee vun den ursprénglechen Demeter-Priesteren an ee vun deenen éischten déi an déi geheim Riten a Mystère vun hierem Kult ageweit gi sinn. Déi aner Priestere waren den Diokles, den Eumplos, den Triptolemos an de Polyxeinos. Den Triptolemos, deen d'Wëssen iwwert d'Landwirtschaft direkt vun der Demeter erhalen hat, huet dëst un d'ganzt Vollek vun de Griiche weiderginn.
[Änneren] Oflaf
Et ginn zwee Mystère vun Eleusis: déi grouss an déi kleng Mystèren.
Déi kleng sinn am Mount Anthesterion (März) ofgehale ginn, woubäi sech de genauen Datum bei Bedarf geännert huet. Fir d'éischt ass e Schwäi geaffert ginn, an duerno hunn d'Priestere sech rituell gerengegt. Da sinn d'Kandidate vun de Priestere fir d'Initiatioun gerengegt ginn.
Déi grouss Mystère sin am Mount Boedromion (August/September) gefeiert ginn, dem éischte Mount aus dem Attesche Kalenner. Si hu néng Deeg gedauert. Zu hierem Optakt sinn déi gehellegt Géigestänn de 14. Boedromion vun Eleusis zum Eleusinion, engem Tempel um Fouss vun der Arkopolis an Athen bruecht ginn.
De 15. Boedromion hun d'Hierophanten, den offiziellen Ufank vun de Rite bekannt ginn (Prorrhesis). D'Zeremonie hun de 16. Boderomion zu Athen ugefaang mat der feierlicher Wäschung vun de Priester am Mier bei Phaleron an der Afferung vun engem jonke Schwäin am Eleusinion de 17. Boedromion.
Zwee Deeg méi spéit ass um Athener Kierfecht Kerameikos d'Prëssessioun ërem zréck op Eleusis gaang. Hannert de Priesteren, déi d'Tafele vum Dionysos héichgehal hunn, ass d'Bevëlkerung duerch d'helleg Strooss gezunn an si hunn dobäi dräi Ofschnëtter passéiert déi ee Bakchoi genannt huet. Op engem bestëmmte Punkt vum Wee hunn se obszön Ausdréck geruff déi un d'Iambes sollten erënneren, enger Mod déi d'Demeter nom Verloscht vun hierer Duechter mat engem graffe Witz wollt opmonteren, wat hier och gelonge war.
Nodeems d'Prëssessioun zu Eleusis ukomm war, ass ee Faaschtendag ageluecht ginn, zum Gedenken un dem Demeter hiert Faaschte während hierer Sich nom Persephone. Duerch d'Drénke vun engem extrae Gedrénks aus Geescht a Fraemënz, dem Kykeon, ass d'Faaschten ënnerbrach ginn. Den 20. an 21. hunn déi zoukënfteg Priesteren den Telesterion, eng grouss Hal, betratt. Do sinn hinnen déi helleg Reliquie gewise ginn and d'Priesterinnen hunn hier Visiounen ausder helleger Nuecht bekannt ginn. Am Zentrum vum Telestrion war den Anaktoron, de Palast, bei deem et sech em e schmuelt, stengend Gebai gehandelt huet, zu deem nëmmen d'Hierophanten Zoutrëtt haten. Am Anaktoron goufen déi helleg Objeten vun der Demeter versuergt. Dat wat am Telesterion geschitt ass huet zu deem geheimsten Deel vun de Mystère gehéiert an op Verrot stoung d'Doudesstrof.
Owes dann ass d'Pannychis gefeiert ginn, e grousse Fest, dat déi ganz Nuecht ugedauert huet a vun Danz a Freed begleet war. Déi zur Wei bestëmmte Jongen hunn op de Rharesche Felder a Meedecherskleeder wéi den Dionysos gedanzt. Nuets, oder am fréie Mueren ass e Stéier geaffert ginn.
Den Dag nom Fest, dem 22. Boedromion, hun d'Initiaten den Doud duerch ee speziellt Drénkaffer. Den 23. Sinn d'Mystèren zu Enn gaangen.
[Änneren] Participanten
Véier Zorte vu Leit hunn un de Mystère vun Eleusis deelgeholl:
- d'Priester, Priesterinnen an Hierophanten
- déi zur Wei bestëmmte Jongen déi un der Zeremonie fir d'éischt deelgeholl hunn
- anerer, déi schonn emol deelgeholl haten
- déijéineg déi un der Epopteia deelgeholl hunn an déi grouss Geheimnisser vun der Demeter gewuer gi sinn.
Visiteuren déi d'Feieren, a besonnescht den Zuch duerch déi helleg Strooss begleet hunn, hu net direkt un de Mysterien deelgeholl.
[Änneren] Zäit an Enn vun de Mystèrefeieren
Et gëtt ugeholl, datt d'Mystèreen zënter dem Mykeneschen Zäitalter, zënter 1500 v.Chr. gefeiert goufen. Si sinn all Joer iwwert eng Zäit vu ronn zweedausend Joer ofgehale sinn. Ënnert dem Pisistratos vun Athen sin d'Mystère vun Eleusis zu engem panhelleneschem Evenement ginn a Pilger aus ganz Griichenland an doriwwer eraus hun un de Feieren deel geholl.
Ongeféier zënter 300 v.Chr. Louch d'Kontroll vun de Mystère beim Stat. Ganz besonnesch zwou Familjen hate vill Afloss: d'Eumolpiae an d'Kerykes. Dat huet dozou gefouert dat ëmmer méi Weiadepte sech gemellt hunn. Déi eenzeg Viraussetzung war datt se keng Bluttschold haten a keng Barbare waren, wat geheescht huet: si hu kee Mord begaang an si hu misse griichesch schwätzen. Männer, Fraen a souguer Sklave war et erlaabt als Adept d'Wei ze empfänken.
Den Augustus ass an déi eleusesch Mystèren ageweit ginn an de Claudius wollt de Kult op Roum verleeën. De Nero, deen sech och a Griichenland opgehalen huet, huet de Besuch zu Eleusis nom Mord u senger Mamm gemidden. Dee leschte réimesche Keeser dee nach an d'Mystèren ageweit gouf war de Julianus II.. D'Feiere sinn am Joër 392 n.Chr. duerch de réimesche Keeser Theodosius I. per Dekret verbuede ginn. Mat der Zerstéierung vum Tempel zu Eleusis duerch de Gotekinnek Alarich 395 n.Chr., an deem sengem Gefolleg sech arianesch Chrëschte befonnt hunn, sinn d'Mystèren an de Vergiess geroden.
Vum Enn vun de Mystère vun Eleusis huet am véierte Jorhonnert den Eunapios beriicht, en Historiker a Biograph vu griichesche Philosphen. Den Eunapios selwer ass vum leschte legitimen Hierophant geweit ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |