NGC 7742
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den NGC 7742 ass eng Galaxis am Stärebild Pegasus.
Si ass 72 Milliounen Liichtjoer ewech. Mat engem Duerchmiesser vun 36.000 Liichtjoren ass si relativ kleng. Hir schäinbar Hellegkeet ass +11,6 m, d. h.. Si ass eng Seyfert-Galaxis vum Typ 2. – Opgrond vun hirem Ubléck gëtt si och nach „Spigelee-Galaxis“ genannt.
Si huet (vu bannen no baussen) folgenden Opbau:
- An der Mëtt vun dëser Galaxis huelen d’Wëssenschaftler un, datt sech hei e Schwaarzt Lach befënnt.
- Ronderëm ass e ganz helle Kär an eng Stëpsceinture an ca. 2000 Liichtjoer Ofstand.
- An der nächster bloer Regioun (ca. 3200 Liichtjoer) entstinn ganz vill Stäre.
- Dono këmmt eng weider Stëpsceinture mat enger manner grousser Dicht wéi déi éischt.
- Erréischt baussescht der zweeter Stëpsceinture gëtt et Spiralaerm, wéi se bei de normalen Spiralgalaxien bekannt sinn.
Den NGC 7742 huet ee sougenannten „aktive Kär“, d. h. dat Schwaarzt Lach verbraucht („frësst“) Massen aus senger Ëmgéigend. Dës Käre kennzeechnen sech duerch eng extrem Hellegkeet aus.