Nikolai Stepanowitsch Tschernych
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Nikolai Stepanowitsch Tschernych russesch Николай Степанович Черных; englesch Schreifweis: Nikolai Stepanovich Chernykh ass gebuer den 6. Oktober 1931 zu Usman, Oblast Woronesch a gestuerwen den 26. Mee 2004. Hie war e russeschen Astronom.
Den Tschernych huet vun 1963 zesummen mat senger Fra d’Ludmila Iwanowna Tschernychowa (Людмила Ивановна Черных), am Krim-Observatoire geschafft. Seng Spezialgebidder waren d’Astrometrie an d’Dynamik vu Klengkierper am Sonnesystem.
Hien huet e puer Koméiten, dorënner déi periodesch Koméiten 74P/Smirnova-Chernykh an 101P/Chernykh. Doriwwer eraus huet hien 537 Asteroiden entdeckt, z.B.: (2867) Šteins, (2362) Mark Twain (4534) Rimskij-Korsakov an d’Trojaner (2207) Antenor.
Zu Éieren vun der Koppel Tschernych gouf den Asteroid (2325) Chernykh no hinnen benannt.