Nordirland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Groussbritannien an Irland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
(Detailer) | (Detailer) |
National Devise: Quis separabit (lat: Wie soll eis trennen?) | |
Offiziell Sprooch: | Englesch |
Haaptstad: Awunnerzuel: |
Belfast 280.000 (2001) |
Kinnigin: | Elisabeth II |
Premierminister vu Groussbritannien als de facto Éischte Minister:: | Tony Blair |
Fläch: | 14.139 km² |
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op . Plaz 1.710.300 (2004) 121/km² |
Onofhängegkeet: | --- |
Nationalfeierdag: | |
Währung: | Pond Sterling |
Zäitzon: | UTC, Summerzäit +1 |
Internet TLD: | .gb an .uk (keng eegen) |
International Virwahl: | 44 |
Nordirland ass déi klengste vun de 4 Natiounen déi d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland bilden. Et läit um Nordëstleche Wupp vun der Insel Irland an ass zesummegesat aus aus 6 Grofschaften.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Politik
[Änneren] Statut
Nordirland huet als Deel vum Vereenegte Kinnekräich am Prinzip en eegent Parlament (Assembly) an eng eege Regierung (Executive), déi eng gewësse lokal Autonomie géintiwwer der Zentralregierung vu London hunn. Zur Zäit (Januar 2007) funktionéiren déi Institutiounen awer net, well d'Parteien déi Member sinn esou duerch hier verschidde reliéis Hannergrënn zerstridde sinn dass eng effizient Verwaltung net denkbar ass. Dofier sinn des Institutioune momentan suspendéiert an hier Aufgabe gi vun der Regierung vum Vereenegte Kinnekräich zu London iwwerholl.
[Änneren] Allgemeng politesch Situatioun
D'Politik vun Nordirland gëtt traditionell duerch konfessionnell an nationalistesch Hannergrënn bestëmmt. De kathouleschen Nationalisten, déi sech eng Vereenegung mat oder eng Unnäherung un d'Republik Irland wënschen, stinn d'Unionisten entgéint, déi allgemeng verschiddene protestanteschen Denomminatiounen ugehéiren, an déi fier d'Weiderbestoe vun der Unioun mat Groussbritannien astinn. Déi wichtegst politesch Parteie vertrieden dann och déi eng oder déi aner Kommunotéit.
Wichtegst politesch Parteie sinn:
- Unionistesch:
Demokratesch Unionistesch Partei (DUP)
Ulster Unionistesch Partei (UUP)
Progressiv Unionistesch Partei (PUP)
- Nationalistesch:
Sinn Féin
Sozialdemokratesch a Labour Partei (SDLP)
- Neutral:
Allianz Partei
Bei de läschte Wale fier d'nordirescht Parlament (Assembly; momentan suspendéiert) am Joer 2003 goungen 30 Sëtz un d'DUP, 27 un d'UUP, 24 u Sinn Féin, 18 un d'SDLP, 6 un d'Allianz, 1 un d'PUP an 1 Sëtz un d'UK Unionistesch Partei.
[Änneren] Administrativ Andeelung
Nordirland ass a 6 Grofschaften agedeelt, déi awer hautzedaachs keng administrativ Fonktiounen erfëllen. Dëst sinn d'Grofschaften Antrim, Armagh, Down, Fermanagh, Londonderry, an Tyrone. Déi klengst administratv Ënnerdeelunge sinn déi 26 Bezierker, déi an hierer Fonktioun vergläichbar mat de Gemengen zu Lëtzebuerg sinn.
[Änneren] Geographie a Bevëlkerung
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Opdeelung
Nordirland huet eng ganz beweegte Geschicht. Am Joer 1801 gouf d'Kinnekräich Irland (daat déi ganz Insel abegraff huet) mat Groussbritannien vereenegt. Wéi um Uffank vum 20. Joerhonnert d'Diskussiounen em en onofhängegt Irland ëmmer méi haart goufen, an Unionistesch Elementer sech deem awer widdersat hunn, gouf decidéiert d'Insel opzesplecken. No laangem Hin an Hier a biergerkrichsähnlechen Zoustänn, vierun allem am Zentrum an am Süde vun der Insel, an engem Délai deen duerch den Éischte Weltkrich veruersaacht gouf, kruten 1921 nëmmen déi südlech Deeler vun der Insel als Republik Irland d'Onofhängegkeet, während 6 vun den 9 Grofschaften aus der Provënz Ulster am Nordoste bei Groussbritannien bliwwe sinn (partition).
[Änneren] Bis 1965
No der Opdeelung krut Nordirland eng relativ grouss Autonomi a sengen internen Affairen a gouf vun der Zentralregierung zu London gréisstendeels mat Rou gelooss. Allerdengs huet weider Gewalt geherrscht. An den éischte Joeren huet d'Iresch Republikanesch Arméi (IRA) sech weider der Opspleckung widdersat an d'Administratioun huet drakonesch Noutstandsmesure geholl fier hierer Meeschter ze ginn. Vill Leit sinn an där Zäit duerch politesch motivéiert Gewalt em d'Liewe komm. Vill Katholike sinn an de Süde geflücht, während gläichzäiteg e ganze Koup Protestanten aus dem Süden an den Norde gezu sinn. Et gouf och eng nei Police gegrënnt, d'Royal Ulster Constabulary (RUC), där allerdengs vill méi Protestante bäigetruede si wéi Katholiken, wouduercher vun Uffanks un den Androck entstanen ass dass se parteiesch wieren an déi zwou Gemeinschaften net gerecht behandelen.
An de Gemengewale goufen oft d'Grenze vun de Walbezierker esou festgeluecht dass unionistesch Elementer d'Iwwerhand an der lokaler Administratioun behale konnten. Och an der Beschäftegungspolitik gouf oft géint d'Katholiken diskriminéiert, wat zu engem weideren Exodus gefouert huet. Hautzudaachs ginn och déi meescht unionistesch olitiker zou dass an Nordirland bis an d'70er Jore vum 20. Joerhonnert Katholike systematesch benodeelegt goufen.
Trotzdem war d'Zäit bis Mëtt vun de 60er Jore relativ roueg, mat der Ausnahm vun der Attack vun der Luftwaffe op Belfast 1941, wou ronn 1000 Mënschen em d'Liewe komm sinn an e Véirels vun der Populatioun vu Belfast ondachlos gouf.
[Änneren] 1965 bis 1998
Wéi an der Mëtt vun der 60er Joren den unionistesche Premierminister Terrence O'Neill probéiert huet eng Rei Reformen duerchzesetze fier fier méi Gerechtegkeet ze Suergen, hu fier d'éischt radikal Unioniste sech gewiert. Doduercher ass och den Drock vun den Nationalisten ëmmer méi grouss ginn, an éischt gewaltsam Tëschefäll gouf et zu Derry a Belfast 1969. Am August 1969 goufen éischt Regimenter vun der Britescher Arméi an Nordirland gescheckt fier d'Situatioun ënner Kontroll ze brengen.
D'Period vun den nexten 30 Joer gëtt allgemeng als The Troubles bezeechent. D'Kompetenze fier d'Secherheet an Nordirland si vum Parlament direkt un d'britesch Arméi iwwergaangen, mee d'Situatioun huet sech net berouegt. Well d'IRA sech mat deelweis terroristesch Methode géint d'Präsenz vun der Arméi gewiert huet, ass 1971 ugefaange gi Verdächteger ouni Prozess anzesetzen, woumadder d'Arméi och de läscht ënnerstëtzung vu moderate Katholike verluer huet. Dee gréissten Tëschefall war d'Erschéissung vu 14 onbewaffneten Zivilisten duerch Membere vun der britescher Arméi bei engem Friddensmarsch den 30. Januar 1972 zu Derry, en Evenement, dat als Bloody Sunday an d'Geschicht agaangen ass. Am selwechte Joer gouf och d'Parlament vun Nordirland opgeléist an den Territoire direkt vu London aus verwalt.
D'Situatioun huet sech dono zwar méi oder wéineger berouegt, mee et sollt bis 1998 dauere bis mam Good Friday Agreement d'Parlament vun Nordirland erem agesat gouf. Dese Vertrag gouf vun all de Parteien, mat Ausnahm vun der DUP an der UK Unionist Partei ënnerschriwwen.
[Änneren] Zanter 1998
Am neie Parlament sollt all Partei déi eng gewëssen Unzuel vun Deputéierten haat och d'Garanti op Ministeren an der Regierung kréien. Dest huet dazou gefouert dass 4 Parteien d'Regierung gestallt hunn, mat de méi moderaten UUP an SDLP an déi méi radikal vu béide Säiten, der DUP a Sinn Féin. Eng vun de wichtegste Konditioune vum Good Friday Agreement ass d'Entwaffnung vun der IRA, déi nëmme luer vierukoum an ëmmer erem zu Sträit tëschent de Parteie gefouert huet.
Vu Februar bis Mee 2000 gouf d'Parlament ausser Kraaft gesat well d'Parteie sech net eens gi sinn, an an där Zäit huet London erem d'Verwaltung iwwerholl. Zanter dem 14. Oktober 2002 huet d'Palament net méi fonktionnéiert, a bei de Walen 2003 si mat Sinn Féin an der DUP déi méi radikal ze de stäerkste Parteie gewielt ginn, wat am Moment e Fonktionnéiere vun dem Parlament net erméiglecht.
Zanter 2004 lafen erem Verhandlungen tëschent de Parteie fier d'Parlament erem un d'Goen ze kréien, wéi et schengt mat luesen awer sechere Fortschrëtter.