Obelisk
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Obelisk (vum laténgeschen obeliscus, vum griicheschen obeliskos = spatz Säil, [Brot]spiiss; Méizuel: Obelisken) ass en héige stengene Stäil, dee fräi steet, deen no uwen méi schmuel gëtt an deen eng Spëtz a Pyramideform huet.
Den Obelisk stellt, wéi d'Pyramid d'verstengert Strale vum Sonnegott duer, an ass esou d'Verbindung tëschent dëser an der Gëtterwelt.
D'Réimer hunn 13 Obelisken aus Egypten op Roum bruecht.
Dee gréissten Obelisk huet d'Pharaonin Hatschepsut opstelle gelooss. Dee steet am Amun-Tempel zu Karnak bei Luxor an en ass 32 Meter héich. Hien hat eng gëlle Spëtz.
Vun deene groussen egypteschen Obeliske stinn der haut 4 zu Luxor, 13 zu Roum a jee een zu Heliopolis, Kairo, Paräis, Washington, London, Wimborne, Istanbul, Urbino, Florenz, Catania an Caesarea Maritima.
Zwee méi klenger stinn zu Luxor an zu Durham
[Änneren] Triviales
D'Astérix-Comicfigur Obélix ass no den Obeliske benannt.