Parc Güell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Parc Güell läit zu Barcelona an ass e Wierk vum Antoni Gaudí.
Iwwert der Stad huet de Gaudí dësse speziellen no sénge Virstellungen ugeluegte Park gebaut, deen 1984 vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierfschafte gesat gouf.
Et ass en innovativt Wierk vum Gaudí, dat vum Eusebi Güell an Optrag gi ginn ass. Et war eigentlech geduecht fir eng Siedlung unzeleeën.
Am Zentrum ass eng riseg Terass ugeluegt mat doresche Sailen, déi ursprënglech als Maartplaz geduecht war. Ënnert dëser Terass bilden dës Sailen eng Hal. Op der Terass ass eng laanggeschwongen, schlangefërmeg Mauerbänk, déi wéi vill Wierker vum Gaudí no der Trencadiz-Method, eng speziell Collagetechnik mat Mosaiken aus Glas a Keramik, entstanen ass.
Iwwerall fënnt een am Park och speziell Figuren, wéi den Draach Phyton bei den Trapen zum Beispill.
Am fréieren Haus vum Gaudí, deen do vun 1906 bis 1926 gewunnt huet, ass e Musée entstanen. Hei fënnt een original Wierker vum Gaudí. Dëst Haus gouf 1904 vum Francesc Berenger gebaut a gouf 1969 zum historeschen-artistesche Monument ernannt.