President vun der Europäescher Commissioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De President vun der Europäescher Commissioun (Commissiounspresident) presidéiert, wéi säin Numm et seet, d'Europäesch Commissioun (offiziell: Commissioun vun den Europäesche Communautéiten", dacks, fir et méi einfach ze man, "EU-Commissioun" oder "d'Commissioun" genannt).
Hie gëtt vun de Regierungen vun den EU-Memberstaaten ernannt an dono vum Europäesche Parlament confirméiert.
Hien ernennt, op Vierschlag vun de Regierungen, d'Membere vun der Europäescher Commissioun, och "Commissairë" genannt, déi hierersäits mussen en bloc vum Parlament d'Vertraue votéiert kréien. Duerch den Traité vun Nice huet de Commissiounspresident d'Méiglechkeet kritt, d'Portefeuillë vun de Commissiounsmemberen nei ze verdeelen oder se ze froen, zeréckzetrieden.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng Aufgaben
De Commmissiounspresident kann déi grouss politesch Linnen vun der Commissioun bestëmmen. Hien organiséiert a leedt d'Reunioune vum Commissiounscollège (déi gewéinlech all mëttwochs moies sinn).
Hie vertrëtt weiderhin d'Commissioun, wann den Europäesche Conseil zesummekënnt, bei de Reunioune vum G8 (den 8 gréissten Industrienatiounen) a bei de Sessioune vum Europäesche Parlament.
[Änneren] Geschicht
Dat haidegt Amt vum President vun der Europäescher Commissioun geet zeréck op dat vum President vun der Héiger Autoritéit vun der CECA, dat et zanter 1952 gëtt. Vun Ufank un gouf d'Héich Autoritéit och 'Commissioun' genannt. 1958 goufen niewt der CECA d'Europäesch Atom-Communautéit and d'Europäesch Economesch Communautéit (och bekannt als 'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft', EWG) geschafen. 1967 hun des 3 Communautéiten zu den Europäesche Communautéiten fusionnéiert; hier Exekutivorganer goufen och zesummegelucht zur "Commissioun vun den Europäesche Communautéiten".
[Änneren] Commissiounspresidenten
Presidente vun der Héiger Autoritéit, och 'Commissioun' vun der CECA genannt:
- 1952-1955 Jean Monnet
- 1955-1958 René Mayer
- 1958-1959 Paul Finet
- 1959-1963 Piero Malvestiti
- 1963-1967 Dino Del Bo
Presidente vun der Commissioun vun der Europäescher Economescher Communautéit (1958-1967), an den Europäesche Communautéiten ( vun 1967 un):
Numm | vun-bis | Land |
---|---|---|
Walter Hallstein | 1958-1967 | Däitschland |
Jean Rey | 1967-1970 | Belsch |
Franco-Maria Malfatti | 1970-1972 | Italien |
Sicco Mansholt | 1972-1973 | Holland |
François-Xavier Ortoli | 1973-1976 | Frankräich |
Roy Jenkins | 1976-1981 | Groussbritannien |
Gaston Thorn | 1981-1985 | Lëtzebuerg |
Jacques Delors | 1985-1995 | Frankräich |
Jacques Santer | 1995-1999 | Lëtzebuerg |
Romano Prodi | 1999-2004 | Italien |
José Manuel Barroso | 2004 - | Portugal |