Radolfzeller Aach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Radolfzeller Aach (och nach Radolfzer- an Hegauer Aach genannt) ass en 32 km lange, rietse Niewefloss vum Rhäin a Baden-Württemberg am Süde vun Däitschland.
[Änneren] De Laf vum Floss
De Floss entspréngt zu Aach op 475 m i. NN an dem sougenannten Aachtopf, der gréisster Quell an Däitschland. Duerno leeft d'Aach duerch den Hegau, mat ville Naturschutzgebidder, ënner anerem d'Radolfzeller Aachried an Aachmëndung.
Am Ufank leeft se no Süden bis op Singen, wou se dann no Osten dréint fir tëscht Radolfzell am Bodensse a Moos an den nordwestlechen Deel vum Untersee ze lafen. Si huet op der Mëndung eng Offlossquantitéit vun 10 Km³ an der Sekonn (Moyenne).
[Änneren] Wou hëllt se d'Waasser hier
D'Radolfzeller Aach kritt hiert Wasser aus engem Gebitt dat ronn 261 km² grouss ass.
Wann en Quell déi näischt anescht ass wéi den ënneriirdeschen Offloss vun der Donauversickerung, mat derbäi rechent kënnt e bei Vollversickerungsdeeg op 1.560 km².
[Änneren] Hydrologie
Fréier gouf d'Kraaft vun der Baach déi ganz vill Wasser huet a séier leeft, benotzt fir e ganze Koup Millen unzedreiwen. Hautesdags stinn och nach en etlech Waasserkraaftwierker op hiren Uwänneren. An der Lescht goufen en etlech Renaturéierungen um Laf vum Floss réaliséiert z.B e Sedimentfank zu Beuren an der Aach.
[Änneren] Uertschafte laanscht de Floss
Volkertshausen, Beuren an der Aach, Hausen an der Aach, Singen, Rielasingen-Worblingen a Radolfzell am Bodensee.
|
||
Aach | Argen | Bregenzer Ache | Dornbirner Ache | Leiblach | Linzer Aach | Radolfzeller Aach | Rotach | Schussen | Steinach |
||
Kuckt och: Bodensee | Rhäin | Flëss an Däitschland |