Richard M. Stallman
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Richard Matthew Stallman, gebuer den 16. März 1953, och bekannt ënnert den Initialen RMS, ass de Grënner vum Mouvement fir fräi Software. Hien ass bekannt duerch d'Initiéieren vum GNU-Projet a fir mam Eben Moglen zesummen déi éischt Lizenz fir Distributioun vu Software mat sengem Source Code geschriwwen ze hunn: d'GNU General Public License oder GNU GPL. Hien huet och d'Konzept vum Copyleft erfonnt.
Hie wor informatesche Chercheur um Massachusetts Institute of Technology an huet 1985 d'Free Software Foundation gegrënnt. "Free" ass am Sënn vu "fräi" ze verstoen, an net "gratis". Hien huet och den Texteditor GNU Emacs, den C Compilator Gcc an den Debugger Gdb geschriwwen.
Seng Riede sinn awer no enger Zäitchen als exzessif ugesi ginn, notamment vum Eric Steven Raymond an anere Memberen vun der Kommunautéit fräien Developpeuren. De Raymond grënnt d'Open Source Initiative. D'OSI probéiert ënner anerem "open source"-Software an d'amerikanesch Informatikindustrie ze kréien.
De Stallman hat och mam Linus Torvalds ze din, deem hie reprochéiert, net genuch op déi zentral Plaz vu GNU a senger Variant GNU/Linux anzegoen.
Am September 2004 huet hien zu Lëtzebuerg um Centre de Recherche Public Henri Tudor iwwert Geforen an d'Méiglechkeete vu Software Patenter geschwat.