Ruslana Lyschytschko
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ruslana Lyschytschko (Ukrainesch Руслана Лижичко/Ruslana Lyschytschko; Russesch Руслана Лыжичко/Ruslana Lyschitschko, no der englescher Transkriptioun meeschtens als Ruslana Lyzhychko resp. Ruslana Lyzhichko geschriwwen; gebuer de 24. Mee 1973 zu Lemberg), ass eng ukrainesch Sängerin, Dänzerin, Produzentin a Komponistin.
[Änneren] Biografie
D'Ruslana Lyschytschko ass zënter 1995 mam Produzent Alexander Ksenofontow bestuet. Zesumme bedreiwe se zënter 1993 d'Studio Luxen, an deem Filmtrailer fir Musicals a Radiosreklammen gemaach ginn.
Schon als Kand huet d'Ruslana an der Grupp Orion gesongen, spéider am Kannerensemble Smile. Si huet un der Dirigente-Fakultéit vum Lemberger Conservatoire studéiert. Si schreiwt, komponéiert a produzéiert hir Lidder selwer, genee esou wéi hir Musekvideoen. Am Joer 1998 hat si an der Ukraine en éischte Succés mat dem Song Sunrise (Svitanok, Ukr), wou et och e relativt erfollegräicht Musekvideo derzou gouf. Hiren Album A Moment of Spring (Myt' vesny, Мить весни, Ukr) war och en Erfolleg. Am Joer 1999 huet si bei der Verfilmung vum Chrëschtdags-Musical The Final Christmas of the 1990s (Ostanne rizdvo 90th) matgespillt, déi d'ukrainescher Auszeechnung Movie of the Year krut. D'ukrainesch Televisioun huet d'Ruslana zur Perséinlechkeet vum Joer 2000 gewielt. Hiren erollegräichen Album Wild Dances (ukrainesch дикі танці/Dyki Tanzi), deen 2003 erauskoum, krut als éischten Album iwwerhaapt Platin fir 100.000 verkaafte Exemplairen, an engem Land mat ausgeprägtem Museksschwaarzmaart eng erstaunlech Leeschtung.
D'Ruslana huet 2004 d'Eurovisioun mam Titel Wild Dances mat 280 Punkte gewonnen. Si krut aus 35 vun den 36 Deelhuelernatiounen Punkten. Am Lidd sinn Elementer aus der Folklore vun den Huzulen-Volleksgrupp aus de Karpaten. D'Lidd gouf duerch eng intern Jury vum ukrainesche Televisiounssender NTU fir d'Partizipatioun un der Eurovisioun ausgewielt. D'Lidd war fir den Album mam selweschten Numm geduecht, mee wéint der Quantitéit u Material op de geplangten Album Wild Dances 2 opgestockt. Op der Bühn zu Istanbul gouf si vum ukrainesche Ballett Schyttja (ukrain. Життя) ënnerstëtzt.
D'Ruslana ass eng Symbolfigur fir d'Orange Revolutioun am Joer 2004 ginn. Si huet sech no der Wahlfälschung bei de Wahlen als eent vun den éischten an der Demokratiebewegung op dem Wiktor Juschtschenko senger Säit agereit a gëtt haut als Symbol fir déi modern Ukraine verstaanen.
D'Ruslana wierkt och beim Projet Begegnungen - Eine Allianz für Kinder vum Peter Maffay mat.
[Änneren] Um Spaweck
- Dem Ruslana seng Homepage (en/ua/ru)
- Ruslana.org - Official Ruslana Fanclub (en)
- Wild Dances: Audiostream vum Songs (Real player)
Virgänger Sertab Erener |
Gewënner vun der Eurovisioun 2004 |
Nofolger Elena Paparizou |