Séi Genesareth
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Asien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Séi Genesareth läit am Jordan-Dall, am Norde vum Stat Israel. De Séi läit 212 m ënnert dem Mieresspigel an ass domat de déifstgeleeënen Séi vun der Welt. Mee hien ass net ganz déif ( 46 m op der déifster Plaz). Hien ass - je no sengem Waaserstand - bis zu 21 km laang, an op senger breetster Plaz, 12 km breet.
[Änneren] Geographie
De wichtegste Floss, deen de Séi Genesareth speist, ass de Jordan, dee vu Norden an de Séi Genesareth fléisst. Am Süde leeft de Jordan da weider a Riichtung vum Doudege Mier. Op Plazen ginn et warem Quellen, ënnert aneren bei Tiberias. Duerch dës warem Quellen gouf de Séi schonns an der Antikitéit fir Erhuelung opgesicht. Am Séi Genesareth si vill Fësch. De sougenanten Péitrusfësch (op fr. Saint Pierre genannt) ass eng Delikatess déi een do an all Restaurant opgedëscht kritt. Direkt um Südwestufer läit déi gréissten Uertschaft, Tiberias. De Séi Genesareth ass doduerch sou bekannt, well de Jesus vun Nazaret do gewierkt huet ann och mat dréchene Féiss iwwer d'Waaser gaangen ass. Vill Uertschaten um Séi an och an der Noperschaft erënneren un d'Geschéien aus der Bibel.
[Änneren] Waasserreservoir vun Israel
De Séi Genezareth stellt de gréisste Waasserreservoir vum Staat Israel duer. 1964 gouf de National Water Carrier gebaut. Et handelt sech dobäi ëm ee vun de gréissten Verdeelungssystemer vun Drénkwaaser vun der Welt. Eng Leitung vu 2,75 m Duerchmeesser leet d'Waasser bis an de Groussraum Tel Aviv a bis zur Negev Wüst.
[Änneren] Kuckeswäertes
Um Séi an a senger Noperschaft ginn et vill kuckeswäert Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt si, wéi:
- Bet Saida
- Kafarnaum
- Kana
- Nazareth
- Tiberias
- Plaz vun der Biergpriedegt
- Bierg vun de Séilegpreisungen
- Plaz vun der Verklärung