Tiberias
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Stad Tiberias' (hebräesch טבריה Tewerja, heiandsdo och Tiberius) läit a Galiläa am Stat Israel, um Westufer vum Séi Genesareth, deen no der Stad och "Séi vu Tiberias" genannt gëtt (fr.: Lac de Tibériade). Sie ass mat knapp 40.000 Awunner déi gréisste Stad am Jordan-Dall. D'Stad erstreckt sech vum Séi, deen 212 m ënnert dem Mieresspigel läit, bis zu enger Héicht vun 457 m iwwert dem Waaserspigel vum Séi.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
D' Stadt gouf vum Herodes Antipas vu 17 n. Chr. un gebaut a war als Haaptstad vum Land Galiläa. geduecht. Hiren Numm huet den Herodes zu Eiren vum réimeschen Keeser Tiberius gewielt. D'Stad hat eng gutt ausgebauten Infrastruktur mat Palaisen a typesch réimeschen Bauten wéi e Forum an eng Rennbunn. Well dobäi och Griewer vu Juden zerstéier gougen, gouf si vun de gleewegen Juden als unrein betruecht: D'Herrschaft vun de Réimer huet do ongeféier 150 Joer gedauert.
No der Zerstéierung vu Jerusalem huet sech d'Haltung vun de Réimer gegeniwer Tiberias geännert; d'Stad ass du méi selbstänneg ginn an zu enger vun de véier hellege Stied vun de Juden rugewuess. Am Joer 637 gouf d'Stadt vun den Araber ageholl. Duerno waren et d'Krezritter, déi d'Stad am Joer 1100 eruewert an duerch de Bau vun enger Stadmauer ofgesëchert hunn. D'Kreuzritter goufen iewer am Joer 1187 vum Sultan Saladin geschlo, sou dat d'Stad rëm zeréck ënnert d'osmanesch Herrschaft gefall ass a richt am Joer 1517 rem besiedelt gouf.
D'Alstad, sou wéi se haut do steet gouf 1738 gebaut. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet d' Stad als jiidesch Siedelung, op déi stark Awanderung vu Juden hin, stark u Bedeitung gewonn. Wéi 1948 den israeleschen Onofhängegkeetskrich augebrach ass, sinn dÄraber, déi bis do fiddlech mat de Juden zusammengeliewt hunn, fortgelaf.
[Änneren] Wirtschaft
Tiberias ass den Zenter vun enger landwirtschaftlech genotzten Regioun. Ugebaut ginn Uebst a Geméis, haaptsächlech Bananen, Dattelen a Drauwen.
Vill Touristen kommen no Tiberias, wann et rouheg ass an der Regioun. De Grond duerfir sinn op der enger Säit déi warem Thermalquellen, mee och d'Méiglechkeet déi d'Touristen hunn fir déi vill rondrëm aus der Bibel bekannte Plazen ze besichen.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
Um Séi an a senger Noperschaft ginn et vill kuckeswäert Uertschaften a Plazen, déi aus der Bibel bekannt si, wéi:
- Bet Saida
- Kafarnaum
- Kana
- Nazareth
- Tiberias
- Plaz vun der Biergpriedegt
- Bierg vun de Séilegpreisungen
- Plaz vun der Verklärung